Search

You may also like

Vertrauen ass gutt, Kontroll wier besser
Neiegkeeten

Vertrauen ass gutt, Kontroll wier besser

Bei eisen Noperen ass op neits e Liewensmëttelskandal opgeflunn. D‘Ausmooss

Patiente Vertriedung huet eng Rei Fuerderungen
Neiegkeeten

Patiente Vertriedung huet eng Rei Fuerderungen

Fir d‘Patiente Vertriedung Asbl ass déi vun der Regierung geduechten

De Jean Asselborn hat e Gespréich mam indoneseschen Ausseminister
Neiegkeeten

De Jean Asselborn hat e Gespréich mam indoneseschen Ausseminister

De lëtzebuergeschen Aussen- an Europaminister Jean Asselborn hat gëschter de

Wie seng Geschicht vergësst huet keng Zukunft

Am Kontext vum nationale Commemoratiounsdag ass den neie Faschismus als Gefor erkannt ginn

Am Kontext vun engem sech ëmmer méi an der „Mëtt vun de Gesellschaft“ befëndlechem Haass géint alles wat engem „Friem“ ass, dem latenten Antisemitismus deen och seng Unhänger am EU-Parlament sëtzen huet an enger sech zusehends anscheinend ustriewenswäertem Radikalismus, ass gëschter zu Lëtzebuerg den nationale Commemoratiounsdag zelebréiert ginn.

Dës Manifestatioun déi un de Widderstand vu Lëtzebuerger während der Nazi-Besatzung erënnert, déi och hir Matleefer a Kollaborateure generéiert hat, huet um Kanounenhiwwel a Presenz vum Groussherzog Henri ugefaangen. Duerno d‘Zeremonie beim Schoah-Denkmol. Hei huet dunn de President vum jiddesche Consistoire, op d‘Schicksal vun de Lëtzebuerger Judden higewisen.

677 Judde ware sengerzäit direkt vum Okkupant an Lager an an d‘Ghettoen deportéiert ginn. 53 sollten den Horror iwwerliewen. Alles an allem sinn iwwer 1.200 Mënsche jiddeschem Glawen aus Lëtzebuerg 1940 „verschwonnen“ a vun 912 ënnert hinne feelt bis haut all Spur. Nom Krich, esou d‘Hoffnung sollt d‘Welt eng aner ginn, esou eppes sollt sech ni méi widderhuelen, dat war de Plang.

D‘Negatioun vun der Geschicht a seng Geforen

Fir de President vum Consistoire, Albert Aflalo, beweist d‘Aktualitéit awer, datt dat Béisst an den Haass nees hir Plaz an der Mëtt vun der Gesellschaft ageholl hunn. Esou ass och 75 Joer no der Shoah den Antisemitismus nach ëmmer ganz present an esouguer – zumindest a veschiddenen EU-Länner – am Opwand. Haass an Antisemitismus sinn an der sozialen Netzwierker omnipresent.

Dës vermeintlech Meenungsfräiheet bewierkt näischt Gutts, an de rezente Versuch vun engem jonken däitschen Nazi (de Stefan B. huet dat onverblimmt agestanen) zu Halle mat enger Waff an d‘Synagog anzedréngen, fir op Yom Kippour méiglechst vill „Judden“ ze eliminéieren, sollt eigentlech vun der ganzer Gesellschaft denoncéiert ginn. Deem ass beileiwen net esou…

Et wier dann och net méi ubruecht sech iwwert de „Problem ze ënnerhalen“ et misst elo an net eréischt geschwënn, aktiv ginn. All Form vun Haass féiert onweigerlech an d‘Verdierwen. D‘Würd an d‘Dignitéit vun der Mënschheet ze verdeedege sollt zu eise Grondwäerter zielen. Kee sollt well hie Judd, Homosexuell oder Friem ass, mussen Angscht hunn. A leider ass genee dat de Fall.

Méi wéi nëmmen e Kapitel am Geschichtsbuch

De Xavier Bettel huet drun erënnert, datt eng 2.600 Lëtzebuerger d‘Deportatioun an d‘Lager iwwerlieft hunn, a beim Retour an d‘Heemecht mat eidelen Hänn do stoungen. Wat hinne gehéiert huet, haten sech anerer ënnert den Nol gerappt, an hiren Haiser hunn anerer gewunnt… An net all Lëtzebuerger huet se wëllkomm geheescht. Och mat et wichtege Grond d‘Geschicht ze erhalen.

Op eis d‘Geschicht gefält oder och net, si ass d‘Grondlag vun eisem Present an eiser Zukunft. D‘Leit, fréier wéi haut, esou de Premier, flüchten net „wëll hinnen duerno ass“. D‘Léit flüchte virum Krich, der Gewalt an der Persecutioun. D‘Populiste bidden ëmmer déi einfach Léisungen, awer d‘Realitéit ass wäitaus méi komplex. Si setzen (zu Recht) op d‘Dommheet vum Mënsch.

No dëser Zeremonie sinn nach d‘Kränz bei de Gëlle Fra ofgeluecht ginn, iert et dann op de Glacis gaangen ass. Um Nikloskierfecht hunn d‘Vertrieder vun de verschiddene Relioune beim Hinzerter Kräiz och ee puer Wierder geschwat, iert sech dann d‘Versammlung lues a lues opgeléist huet. Den Ofschloss vum Commemoratiounsdag huet dunn Owes am Trifolion zu Iechternach ginn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Commemoratiounsdag, Gedenken, Hinzert, Premierminister, Regierung, Shoah
Next post Previous post