Search

You may also like

Vum Schoulsport an d’Nationalequipe
International Neiegkeeten

Vum Schoulsport an d’Nationalequipe

Et ass iergendwann immens séier gaangen. Ugefaangen huet alles, wéi

En Areesverbuet ännert näischt, wann d’Radikaliséierung online geschitt
International Neiegkeeten

En Areesverbuet ännert näischt, wann d’Radikaliséierung online geschitt

Wann den Donald Trump nei, méi restriktiv Migratiounsregeleunge fuerdert, nodeems

D’Sechswochemass zu Éieren vu S.A.R. dem Groussherzog Jean
International Neiegkeeten

D’Sechswochemass zu Éieren vu S.A.R. dem Groussherzog Jean

Vergaangene Samschdeg, den 8. Juni 2019 huet d’Sechswochemass fir de

Europa als Wiechter vum Patentschutz

Den US-President Joe Biden huet gefuerdert de Patentschutz op Covid19-Vaccinen auszesetzen an do stellt sech déi Europäesch Unioun queesch

Europa als Wiechter vum Patentschutz

D‘Propose vun den Amerikaner den Patentschutz op d‘Covid19-Vaccinen temporär auszesetzen, ass an der Europäescher Unioun ganz schlecht ukomm. D‘Lobbyisten déi fir de pharmazeutesche Secteur agéieren, hunn déi ganz grouss Klabessen ausgepaakt a setzen d‘EU-Kommissioun wéi och déi national Regierunge massiv ënner Drock. An dat mat groussem Erfolleg…

Och National gëtt déi vum Joe Biden gemaachte Propos mat alle (finanzielle) Mëttel bekämpft, an an Europa, wou jo grouss Pharmakonzerner hiert Onwiesen zum Leed vun de Bierger dreiwen, ass de Schutz vun der intellektueller Proprietéit eng vun den Zentral Prioritéite vun de Lobbyisten, déi géint ugemiesse Géigeleeschtunge vun den entspriechend politesch verantwortleche gestäipt gëtt.

De Patentschutz war dann och gëschter beim europäesche Sommet vun de soziale Rechter zu Porto ee vun, wann net esouguer dat zentraalt Thema. All d‘Regierungscheffen, wou an hirem Land eng Entreprise oder ee Konzern aus dem medezinesche Beräich hunn, hunn sech ganz kloer géint eng Fräigab vun de Patenter ginn, besonnesch Däitschland a Frankräich hunn „hir“ Interesse verdeedegt.

Interessant och, datt eng Physikerin – also eigentlech ee gebilte Mënsch – als Argument géint eng temporär Aussetzung vum Patentschutz erkläert: „D‘Fachwëssen iwwer déi neiaarteg mRNA-Impfstoffer kéint esou vun de Chinese genotzt ginn, déi dëst Wësse vill besser notze kënne wéi dat fir Entwécklungslänner de Fall ass“. D‘Bundeskanzlerin, huet den Eescht vun der Lag erkannt…

Eigentlech den eenzeg richtege Wee

D‘Welt ass jo am Begrëff sech nei opzestellen, well ausser enger Pandemie, déi esou lues an deene Länner wou sech et leeschte kënnen ënner Kontroll geréit, ass de Wonsch no Muecht iwwer anerer, an den Déifstall vu wichtege Ressource eng vun de wirtschaftleche Prioritéite vun der EU, déi jo bis 2050 wëll Klimaneutral sinn. An d’Patentrechter sinn do ee ganz wichtegt bis zentraalt Instrument.

Et ass de Politiker, de Financieren an Aktionäre vun de Pharmakonzerner awer ganz wichteg, kloer ze stellen, statt et hinne wichteg ass, dës global sanitär Kris an de Grëff ze kréien. Si betounen an dësem Kontext, datt et net de Patenter geschëlt ass, datt d‘Impfstoffer net ukommen, mee et schlicht u Produktiounscapacitéiten, Wëssen an un de Rohstoffer feelt. Dat gesinn d‘Inder eppes anescht…

Zu Porto gouf dann och däitlech gemaach, datt eng temporär Ophiewung vum Patentschutz keng zousätzlech Impfdose bréngen. D‘EU proposéiert datt een d‘Impfstoffer mat aneren deelt. Iwwer 200 Milliounen Impfdose wiere vun der EU ausgefouert ginn. Dat ass ongeféier déi selwecht Zuel un Impfdosen, déi bannent der Europäescher Unioun un d‘Memberlänner bis elo verdeelt goufen.

An esou gëtt statuéiert: „Mir lueden all um Debat iwwert ee Verzicht op d‘Rechter vu geeschtegem Eegentum bedeelegt Parteien an, wéi mir bereet ze sinn, ee groussen Deel vun deem wat an dëser Regioun hiergestallt gëtt, ze exportéieren“. Dat gesinn d‘Amerikaner awer net esou, well si behalen deen an den USA produzéierten Impfstoff fir déi eege Leit. Och beim Biden heescht et „USA first“.

De Generaldirekter vun der Weltgesondheetsorganisatioun, Dr. Tedros Adhanom Ghebreyesus, huet sengersäits de Virstouss vun den Amerikaner begréisst, eng temporär Aussetzung vum Patentschutz zur effektiver Bekämpfung vun der Pandemie ze erméiglechen. Hie warnt virum „Egoismus“ bei der Vergab vun den Impfstoffer. Esou géif een de Kampf géint de Covid19-Virus net gewannen.

Wirtschaftlech Reprise

Nieft der Feststellung, datt als éischt d‘Europäer an dann all déi et sech et wäerte leeschte kënnen, sollen Accès zum Vaccin kréien – et gëtt jo och nach de Projet Covax vun der WHO – ass et beim informelle Sozialsommet zu Porto och ëm d‘Wirtschaft gaangen a wat alles muss gemaach ginn, fir datt déi sech séier erhëlt an de Wuesstem nees „zukunftssécher“ Aarbechtsplaze bereet hale kann.

Fir dës wirtschaftlech Reprise op feste Grond ze stellen, brauch et an der Unioun den digitalen an de grénge Wandel. 750 Milliarden Euro „Coronavirus-Opbauhëllef“ sollen dat bewierkstellegen. Et misst awer elo zäitno ugerappt ginn, esou d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Bleift an dësem Kontext ofzewaarden, ob d‘Memberlänner sech tatsächlech un d‘Virgaben halen.

Um haitege Samschdeg stiechen d‘Staats- a Regierungscheffe vun der Unioun nach emol d‘Käpp zesumme, fir iwwert d‘Ëmsetzung vun de soziale Rechter an der EU ze beroden. Den indesche Ministerpresident Narendra Modi gëtt méi spéit zougeschalt. Mat dësem soll sech iwwert kënfteg Verhandlungen zu méi enken Handelsbezéiungen ënnerhale ginn. Op dësen d‘Patenter uschwätzt?

mat indymedia/bru/pto

Foto: De President vum EU-Rot, Charles Michel kritt zu Porto de „Commitment“ an de Grapp gedréckt. © European Union

Related topics EU-Sozialsommet, Impfstoffer, Lobbyismus, Patentschutz, Pharmakonzerner, Porto
Next post Previous post