Search

You may also like

BEE SECURE: Bass de sécher?!
Neiegkeeten

BEE SECURE: Bass de sécher?!

Mat „Bass de sécher?!“ lancéiert BEE SECURE eng nei Sensibiliséierungscampagne

Canberra wëll wësse, wéi eng Chômeuren Drogen huelen
Neiegkeeten

Canberra wëll wësse, wéi eng Chômeuren Drogen huelen

D‘Regierung vun Australien huet dësen Donneschdeg matgedeelt bei de Chômeuren

Kee Profit mat der Pandemie!
Neiegkeeten

Kee Profit mat der Pandemie!

Um Donneschdeg haten sech Vertrieder vun déi lénk an dem

Et war eng onroueg Nuecht, mee d’Situatioun sollt sech berouegen

Gläich 100 mol sinn d'Rettungsdéngschter erausgeréckelt

Et war eng onroueg Nuecht, mee d’Situatioun sollt sech berouegen

Wéinst de staarke Néierschléi vun dëser Nuecht, virun allem am Mëllerdall hunn d’Rettungsdéngscht méi wéi 100 mol missen erausrécken. Zënter 3:00 de Mueren ass de Centre de Gestion des Opérations aktiv, fir d’Rettungdéngschter ze koordinéieren. 18 Persoune waren dës Nuecht aus hiren Autoe gerett ginn. Och eng Krisen-Zell ass zesumme komm, fir déi noutwenneg Moossnamen ze huelen.

Esou informéiert dës Zell, datt:

  • An der Gemeng Waldbëlleg kee Waasser aus dem Krunn däerf gedronk ginn
  • Néierschléi wéi an dëser Nuecht vu Meteolux net méi an dëser Stäerkt fir den 1. Juni virgesinn sinn
  • Datt d’Autosfuerer hir Vitesse an de betraffene Gebidder sollen de Konditiounen upassen

De Premier Xavier Bettel (DP) huet sech an engem Statement bei de Rettungsdéngschter bedankt. De Regierungsrot kënnt de Mueren zesummen, fir iwwert direkt Hëllefen ze beroden.

Weider Informatiounen, wat Drénkwaasser ugeet:

  • Waldbëlleg a Bech, Drénkwaasser muss op mannst fir 10 Minutten ofgekacht sinn
  • Bäerdref a Beefort, De Waasserkonsum soll op de strikte Minimum limitéiert ginn.  Och hei soll d’Waasser fir op mannst zéng Minutten ofgekacht sinn.
  • Déiljen: De Waasserkonsum soll op de strikte Minimum limitéiert ginn.
  • Closberg: D’Versuergung mat Drénkwaasser ass ënnerbrach.

D’Affer vun dësen Iwwerschwemmunge kënnen hei eng Hëllef vun der Regierung ufroen.

Mam Service Information et Presse

UPDATE 9:25: Statement a Regierungsrot bäigefüügt.

UPDATE 9:50: Drénkwaasserinformationen ergänzt

UPDATE 15:05: Informatioun zur Hëllef

 

Related topics Lëtzebuerg, Rettungsdéngschter, Waldbelleg, Wieder
Next post Previous post