Search

You may also like

Gutt Laun – Gutt Wieder – Gutt Mënschen
Neiegkeeten

Gutt Laun – Gutt Wieder – Gutt Mënschen

Eigentlech war den 10. Mäerz als Datum fir d‘Schëfflenger Kavalkad

D‘Police huet d’Campagne „#CyberScams“ lancéiert
Neiegkeeten

D‘Police huet d’Campagne „#CyberScams“ lancéiert

Internet, eng Plaz déi vill als „rechtsfräie“ Raum betruechten, ass

Däitschland: Zoff tëscht de konservative Schwësterparteien
Neiegkeeten

Däitschland: Zoff tëscht de konservative Schwësterparteien

Zrécktrieden oder bleiwen? Tëscht dem däitschen Inneminister Horst Seehofer (CSU)

D‘Wieder suergt weider fir Kappzerbrieches

D‘Wieder suergt weider fir Kappzerbrieches

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, huet sech d‘Cellule de Crise „Intempéries“ ënnert der Presidence vum Inneminister Dan Kersch (LSAP) zu enger Drénglechkeetssëtzung afonnt, fir der Evolutioun vun der Situatioun virzegräifen, an d‘Hëllef fir déi Geschiedegt ze koordinéieren.

Et war kuert no 20.30 Auer wou d‘Administratioun vun de Rettungsdéngschter den Gestiounszenter vun den Operatiounen (CGO) aktivéiert huet, vir déi sëllechen Interventiounen ze koordinéieren, déi vun den Onwieder ausgeléist goufen. Tëscht 19 an 22 Auer waren eng 500 Uriff an der Zentral vun de Rettungsdéngschter agaangen.

Déi hunn iwwer 200 Interventiounen uechtert d‘ganzt Land ausgeléist. Besonnesch staark betraff waren zwee Secteuren: den Oste vum Land, a grad wéi déi lescht Woch, sinn op neits de Mëllerdall, Haler a Waldbëlleg vun der Waassermassen iwwerrompelt ginn. Iwwer 100 Mann aus néng Zentre sinn an den Asaz geschéckt ginn.

 

An enger zweeter Phas huet sech missen ëm den „Zentrum“ gekëmmert ginn. De gréissten Deel vun den Asätz huet sech op d‘Gemengen: Préizerdaul, Useldeng, Biissen, Réiden an d‘Stad Lëtzebuerg konzentréiert. Wéi bis ewell konnt festgehale ginn, ass kengem Mënsch e Leed geschitt. D‘Alerte „Orange“ déi vu MeteoLux ausgeruff gi war, konnt géint 22 Auer opgehuewe ginn.

D‘Autoritéite ruffen d‘Bevëlkerung déi gespaarte Stroossen net ze benotzen an déi betraffe Secteuren ze evitéieren. D‘Automobiliste ginn zudeem opgeruff, sech un d‘Uweisunge vun den Autoritéiten ze halen, an hir Fuerweis un d‘Wiederkonditiounen unzepassen. D‘Arméi an e Peloton vun de Rettungsdéngschter gëtt agesat, fir beim Raumen a Botzen ze hëllefen.

Foto a Video: © Vivian Buclier (Esou huet et gëschter Owend zu Iewerleng ausgesinn)

Related topics Dan Kersch, MeteoLux, Onwieder, Rettungsdéngschter
Next post Previous post