Search

You may also like

Dem Handwierk feelt un Handwierker
Neiegkeeten

Dem Handwierk feelt un Handwierker

Wann ee soe kann, datt d‘Pandemie eenegermoossen ënner Kontroll ass

money
D‘SES muss der Covid19-Pandemie Rechnung droen
Neiegkeeten

D‘SES muss der Covid19-Pandemie Rechnung droen

Déi zu Lëtzebuerg usässeg europäesch Satellittenagence SES huet an engem

Si hunn de Cosby nees fräi gelooss
Neiegkeeten

Si hunn de Cosby nees fräi gelooss

2018 war den afroamerikaneschen Acteur Bill Cosby (The Bill Cosby

MeteoLux seet: Et kann am Wanter och Schneien!

MeteoLux seet: Et kann am Wanter och Schneien!

Den Nationale Wiederdéngscht MeteoLux huet bekannt ginn, datt d‘Wieder ëmschléit an sech esou de Geflogenheete vun der Saison, nämlech dem Wanter unhëlt. D‘Wieder wier dann elo deementspriechend op der Kopp, dat mat vill an Néierschlag, dee schonn ab Héichte vun 400 Meter a Schnéi kann iwwergoen.

Wéi et vum Findel um Sonndegmuere geheescht huet, soll et an der Nuecht op ee Sonndeg schonn am Éislek zu éischte Schnéischauere komm sinn. Anerwäerts uechtert d‘Land hätt et Schnéiree ginn an duerch déi niddreg Temperaturen, sollt een de Risk vu Glatäis op de Stroossen net ënnerschätzen. De ganzen Dag iwwer also muss mat Schnéi a Schnéiree gerechent ginn.

An dësem Kontext huet MeteoLux dann eng „giel Alerte“ erausginn. Laut de Meteorologe kann et Plazeweis bis zu 10 Zentimeter Neischnéi ginn. Aner Quelle ginn esouguer vu bis zu 20 Zentimeter aus. Ob domadder de Wanter elo zu Lëtzebuerg ukomm ass? Dat bleift ofzewaarden, well fir muer Méindeg a bis e Mëttwoch bleift wuel ongemitterlech, mee mat fir d‘Saison doucen Temperaturen.

Wien elo nach ëmmer keng Wanterpneuen op sengem Gefier huet, ass gutt beroden, dësen dann elo emol stoen ze loossen. D‘Police versteet hei verständlecherweis kee Spaass, a gewéinlech gëtt de Verstouss zolidd méi deier wéi d‘Pneuen. Ob ee sech Hoffnung op en Tour mam Schlitt maache kann? Fir den Ament nach net, mee dat ass net schlëmm, well eigentlech sollt een doheem bleiwen.

Illustratioun: © Elijah Hail / unsplash

Related topics Glatäis, MeteoLux, Schnéi, Schnéimatsch, Schnéireen, Wanterzäit, Wieder
Next post Previous post