Search

You may also like

Zwee Accidenter um Méindegowend
Neiegkeeten

Zwee Accidenter um Méindegowend

Aus dem Policebericht vun de Muere geet ervir, datt et

Fréijoers-Sommet vum Weltwährungsfong an der Weltbank
Neiegkeeten

Fréijoers-Sommet vum Weltwährungsfong an der Weltbank

Am Kontext vum Fréijoers-Sommet vum Weltwährungsfong (IWF) an der Weltbank

Jugendpräis 2021: Elo matmaachen!
Neiegkeeten

Jugendpräis 2021: Elo matmaachen!

Den nationale Jugendservice (SNJ) wäert am kommende Joer eng weider

Ab dësem Joer kann een sech online an d’Wielerlëschten androen

Demande no online Prozedure klëmmt

Ab dësem Joer kann een sech online an d’Wielerlëschten androen

Dat huet den Dan Kersch (DP), Minister vum Ëffentlechen Déngscht an der administrativer Reform, ugekënnegt. Et ass eng vun de Verbesserungen, déi bei den Online-Administratioune virgesinn ass. Och fir d’Bréifwal soll een sech an dësem Joer nach iwwert Myguichet.lu kënnen aschreiwen. Donieft sinn och nach weider Verbesserunge virgesinn, fir d’Benotzung vum Portal mi einfach ze maachen.

An der Pressekonferenz vu gëschter goufen et awer och nach aner positiv Noriichten. Esou ass d’Demande fir Online-Prozeduren massiv an d’Luucht gaangen. Iwwert 200.000 administrativ Prozeduren goufen 2017 ofgeschloss – dat sinn 226% méi, wéi am Joer virdrun! Dat huet net nëmmen eppes domat ze dinn, datt Demande wiisst, mee och d’Offer ass konsequent ausgebaut ginn. An et geet een och dovunner aus, dass souwuel Demande wéi och d’Offer an Zukunft erop ginn.

Et ass eng logesch Konsequenz vun der Digitaliséierung

109.013 Notzer hunn hir Profiller bei Myguichet.lu an de leschte fënnef Joer ugeluecht. 2017 gouf et domat 58% méi Inscriptioune, wéi am Joer virdrun. Si kënnen op 170 Prozeduren zeréckgräifen, déi per Luxtrust aktivéiert musse ginn. Mee och d’Offer vun den Dokumenter a Servicer, fir déi een net authentifizéiert muss sinn, ass geklommen: mëttlerweil sinn et därer 30. Dës Fortschrëtter sinn Deel vum Programm “Einfach Lëtzebuerg”, déi och viséiert, déi digital Offer beim Staat ze vereinfachen.

Mam SIP

 

Related topics Dan Kersch, Digitaliséierung, Lëtzebuerg, Wahlen 2018
Next post Previous post