Search

You may also like

Editorial: Et ass ëmmer ze fréi
Fail Meenung

Editorial: Et ass ëmmer ze fréi

Et ass Weltkriibsdag, et gëtt opgekläert an op d’Krankheet opmierksam

Schwéier Iwwerschwemmungen am Bundesstaat Texas
Fail Meenung

Schwéier Iwwerschwemmungen am Bundesstaat Texas

Bei schwéieren Iwwerschwemmungen onwäit der Metropol Houston an der Stad

Wolz: Solidaritéitsaktioun fir de lokale Handel a Veräiner
Fail Meenung

Wolz: Solidaritéitsaktioun fir de lokale Handel a Veräiner

Veräiner, Handel an Horesca Betriber leide staark ënnert de Moossnamen,

dislike

D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer

E Kommentar

D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer

Sou zimlech jiddereen huet mëttlerweil säi Pefferkär bäigeluecht, wann et em den Thema Wielerwëllen geet. De Begrëff, deen zënter 2013 an aller Munde ass, ass awer bei wäitem net onproblématesch. Verkläert en dach d’Demokratesch Grondsätz a suergt fir Ressentimenter.

Do wier zum engen, datt mer keng Buergermeeschteren oder e Schäfferot, mee e Gemengerot wielen. Wat och mol gären als eng Nuance ofgedoe gëtt, ass essentiell: Schlussendlech sinn et déi Gewielten, déi sech eens musse ginn, wien wéi ee Posten iwwerhëlt. Dat huet wéineg mat Wielerwëllen ze dinn.

Trotzdeem ginn et Stëmmen, déi protestéieren. Dat ass nëmmen normal. Datt Politiker dëst ënnerstëtzen, andeems se sech op de Wielerwëlle beruffen, ass dobäi en typescht Spindoktor-Manöver: Et dréint een sech, wéi et engem gefält. Déi eng benotzen de Begrëff, fir sech ze legitiméieren, déi aner benotzen en, fir ze kritiséieren an d‘Journaliste benotzen en, fir hir Meenungsartikelen ze fëllen.

D‘Politik probéiert kuerzfristeg vun enger Roserei ze profitéieren, déi hir op laang Dauer nëmme schuede kann. Den eigentleche Problem ass an eisem Wahlsystem ze fannen.

Gedéngt ass kengem domatten. Well eigentlech ginn hei nëmmen Ressentimenter ugestëppelt. Dat huet ee schonn 2013 gesinn, wou de Wielerwëllen sech zu enger reegelrechter „Dolchstosslegend“ erhuewen huet. Do gëtt scho mol vu muechtgäile Putschiste geschwat, wat einfach nëmmen nach niveaulos ass, an och näischt méi mat der Realitéit ze dinn huet.

Dobäi gëtt et do duerchaus eng Diskussioun, déi et der Wäert wier, gefouert ze ginn: Nämlech déi, ëm eise Wahlsystem. Do ginn et vill Aspekter, déi een duerchaus mol ënnert d‘Lupp kéint huelen. Wéi beispillsweis, wéi d‘Rechtsëtzer verdeelt ginn. Wéi d‘Wahlbezierker opgebaut sinn. Oder op et net géif Sënn maache, gewëss Posten direkt ze wielen.

Leider dréint sech d‘Diskussioun net ëm dës Themen. Villäicht och, well se ze technesch an net emotional genuch gefouert ginn. Oder sech ze wéineg dofir ubidden. Am Plaz dovunner gëtt mat enger sënnloser Diskussioun ronderëm e Schlagwuert vun den eigentlechen demokratesche Defiziter ofgelenkt. Wëlle mer hoffen, datt den neien Zentrum fir politesch Bildung op mannst déi kommend Diskussioune besser informéiert.

Related topics Demokratie, Gemengewahlen 2017, Lëtzebuerg, Wielerwëllen
Next post Previous post