Search

You may also like

money
Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg

Haut kritt Lëtzebuerg ee Gesetz, dat d’Erfuerschung an d’Notzung vun

JINJER an der KuFa: 4 Mol an d’Schwaarzt getraff!
Neiegkeeten

JINJER an der KuFa: 4 Mol an d’Schwaarzt getraff!

Vollt Haus an alleguer voll aus dem Haischen: War de

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta
Neiegkeeten

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta

Malta mécht d’Bestietnes op. Et kënnt enger Revolutioun gläich. E

Wien ass den Drëtten am Bond?

Wien ass den Drëtten am Bond?

Nodeems schonn ee Méindeg den Aarbechtsminister Dan Kersch, op der Antenn vum ëffentlech-privat-rechtleche Medium Bertelsmann/RTL, emol kond ginn huet, datt hien am Dezember säin éischte 60. Gebuertsdag feiert, gouf niewebäi bemierkt, datt eng weider Legislaturperiod fir hien auszeschléissen ass. Hier wäert och net méi als Spëtzekandidat mat an d‘Wale goen.

Hie wäert awer fir Rescht nach voll mat vun der Partie sinn, an sech maximal dofir asetzen, datt d‘Sozialisten ee gutt Resultat erzilen. Am léifste wier him, eng sozialistesch Premierministesch. Wien da säi politescht „Häerzblat“ fir dëse Poste wier? Datt dee Monnerecher déi exzellent politesch Leeschtung vun der Gesondheetsministesch kennt, sollt der Populatioun en Hiwäis sinn.

A wann den Dan Kersch elo ee Méindeg am Radio keng Uspillung op ee fréizäitege „Wiessel“ am Aarbechtsministère gemaach huet, well jo emol dat wat nach opsteet muss erleedegt ginn, esou huet et do Prezedenzfäll, déi Ulass ginn dat eppes differenzéiert unzegoen. Zudeem schéngt et sech och duerchzesetzen, de potentiellen Nofolger zäiteg an d‘Liicht vun der Ëffentlechkeet ze bugséieren.,

Ëmmer eng Längt Verspéidung

Haut um Mëttwoch war et dann um Landwirtschaftsminister Romain Schneider, vu senger Zukunft ze schwätzen. Hien ass deen zweeten, dee sech wäit am Viraus iwwert seng weider Verwendung an der Gesellschaft ausgelooss huet. Hie wëll no 2023 kee politescht Mandat méi iwwerhuelen, wat da wuel bedeit, datt hien seng politesch Pensioun hëlt. Mee och hien ass zimlech zäiteg „ënnerwee“.

Et ass wuel dovunner auszegoen, datt de Romain Schneider nach net wäert an d‘Pensioun goen, an och hien dierft sengem Nofollger de Steigbigel halen. Et ass jo scho vu Virdeel, wann d‘Wieler am Viraus wëssen, ob esou ee Politiker kompetent ass, a méiglecherweis tatsächlech d‘Saach am Sënn vun de Bierger ugeet. An un Interessente fir dës Portefeuille dierft bei de Sozialisten och net feelen.

Wann elo den éischten säin Outing um Méindeg, deen zweeten dësen um Mëttwoch gemaach huet, wien ass méiglecherweis de Kandidat vum Freideg? Oder ass dat eng gewote Fro? U sech kann et eis egal sinn. Déi wou vun den Zukunftspläng héieren hunn, dierften dat déi aner Woch schonn nees vergiess hunn, an déi wou et generell net interesséiert… Haaptsaach ass, et bleift een am Gespréich.

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Aarbechtsminister, Dan Kersch, Landwirtschaftsminister, LSAP, Politik, Romain Schneider
Next post Previous post