Search

You may also like

Jonk an engagéiert: De Joël Back huet vill Iddie fir Péiteng
International Neiegkeeten

Jonk an engagéiert: De Joël Back huet vill Iddie fir Péiteng

Fir vill jonk Politiker ass de Wahlkampf 2017 déi éischte

E Vëlo huet näischt an der Foussgängerzon verluer
International Neiegkeeten

E Vëlo huet näischt an der Foussgängerzon verluer

Wärend a villen europäesche Stied, mee och bei eis am

Bréissel: no Ausenanersetzunge mat der Police si 400 giel Gilete verhaft ginn
International Neiegkeeten

Bréissel: no Ausenanersetzunge mat der Police si 400 giel Gilete verhaft ginn

Net nëmmen am Frankräich ass sech e Samschdeg nees zolidd

Attentat zu Wien: Ee Lëtzebuerger Student ugeschoss

Attentat zu Wien: Ee Lëtzebuerger Student ugeschoss

De Baussen- an Europaministère deelt mat, datt ënnert de Blesséierte vum Attentat zu Wien och e Lëtzebuerger Student ass. Hie gouf vun enger Kugel un der lénker Schëller getraff, wou hie grad um Ruprechtsplatz am Zentrum ënnerwee war.

D’Lëtzebuerger Ambassade zu Wien an de Ministère verfollegen d’Situatioun weiderhin a stinn a reegelméissegem Kontakt mat den Éisträicher Autoritéiten, sou wéi der Famill vum Blesséierten.

An dësem Kader veruerteelt de Minister Jean Asselborn déi terroristesch Attack op dat Déifst. Dës Dot ass mat näischt ze rechtfäerdegen. Géigeniwwer der Famill vum Student, sou wéi der Éisträicher Bevëlkerung an der Regierung dréckt hie seng Undeelnam an dëser schwéierer Situatioun aus.

Situatioun 03.11.2020 um 9:22 Auer: Bis ewell ginn et 4 Doudeger (zwee Männer an zwou Fraen), zuelräich Blesséierter a 7 Persounen sinn a Liewensgefor. D’Bundespolizei kontrolléiert d’Grenz zu Éisträich.

Haut de Moien gouf eng Pressekonferenz organiséiert.

Opmaacherbild: © Majid Rangraz / Unsplash

Related topics Attentat, Blesséierter, Éisträich, Liewensgefor, Terrorismus, Zentrum
Next post Previous post