Search

You may also like

Neies zum Sträit ëm d‘Atomofkommes mam Iran
Neiegkeeten

Neies zum Sträit ëm d‘Atomofkommes mam Iran

D‘Invitatioun zum Gespréich, dat den US-President den Iraner zoukomme gelooss

Fussballweltmeeschterschaft am Katar:
Neiegkeeten

Fussballweltmeeschterschaft am Katar:

Aarbechtsmigrante stellen am arabeschen Emirat Katar 95% vun alle Beschäftegten

D‘Schueberfouer installéiert sech um Glacis an d’Busser mussen sech upassen
Neiegkeeten

D‘Schueberfouer installéiert sech um Glacis an d’Busser mussen sech upassen

An e puer Deeg erreecht den August seng Halbzeit, an

Wien dierf wat wëssen?

Eng national Autoritéit fir eng besser Kontroll vun de Beamte so geschafe ginn

Wien dierf wat wëssen?

Déi parlamentaresch Kommissioun déi sech mat de staatlechen Institutioune befaasst, huet nawell uerdentlech ze dinn, zanter d‘Affär vum „Casier-bis“ déi politesch Acteuren, d‘Justiz an d‘Police eppes a verruff bruecht huet. Elo soll eng „National Sécherheetsautoritéit“ (ANS) an d‘Liewe geruff ginn, déi den Ëmgang mat „Daten“ soll iwwerpréiwen an am A behalen.

Grondsätzlech geet heibäi drëms, der ANS als Missioun ze ginn, Enquêten zu deene Beamten ze maachen, deenen et erlaabt soll sinn, Dossieren an/oder Daten ze verschaffen déi vertraulech oder geheim sinn. Fir de President vun dëser Kommissioun, Alex Bodry (LSAP) ass et jo awer spéitstens elo evident, datt d‘Land esou eng Autoritéit brauch.

Esou eng Autoritéit brauch et awer net nëmme fir d‘Gemidder nees ze berouegen. Déi ass, esou den Alex Bodry, och noutwenneg am Kontext vun den internationalen Engagementer. Zudeem huet sech och Lëtzebuerg un dat internationaalt Recht ze halen. D‘Agente vun dëser Autoritéit brauchen dann och entspriechend „Vollmachten“ fir hirer Missioun gerecht ze ginn.

Heizou gehéiert d‘Méiglechkeet am enken Ëmfeld vum Beamten ze ermëttelen, deen eng Demande gemaach huet fir eng Zougrëffsberechtegung op dës sensibel Daten ze erhalen. Dat ass esou vun den Deputéierten a Fro gestallt ginn. Si hätte gären, datt dës Dispositioun geännert gëtt, an sech dofir um däitsche Modell orientéiert sollt ginn.

Esou kéinten sech déi Deputéiert virstellen, datt de Beamten dee esou eng Zougrëffsberechtegung ufreet, dräi leit aus sengem Ëmfeld ugëtt. Datt dat an Däitschland (NSU-Affär) keen „Erfolleg“ war ass de Volleksvertrieder leider iergendwéi entgaangen. Zudeem muss gewosst sinn, och wann dat net fir de Beamte schwätzt, déi genannte Leit keng Froe beäntwerte mussen.

Bis elo war et de Geheimdéngscht (SREL) dee mat esou Enquête beoptraagt ginn ass. Deem seng Effizienz brauch net a Fro gestallt ze ginn, a d‘Asetze vun enger „onofhängeger“ Verwaltung, déi sech dëse spezifeschen Enquêten unhëlt, u sech eng gutt Iddi. Bis et awer dozou e Gesetzprojet gëtt, wäerte mir eis nach eppes musse gedëllegen.

Illustratioun: Peter H. / Pixabay

Related topics Alex Bodry, ANS, Dateschutz, Justiz, Police, SREL
Next post Previous post