Search

You may also like

dislike
Gutt digital equipéiert Klassesäll hëllefen eise Schüler, mee et gëtt nach vill ze maachen
Meenung

Gutt digital equipéiert Klassesäll hëllefen eise Schüler, mee et gëtt nach vill ze maachen

Laut der OECD sinn zu Lëtzebuerg d’Schüler iwwerduerchschnëttlech resilient. Domat

Elo gëtt awer kee rekreative Cannabis
Meenung

Elo gëtt awer kee rekreative Cannabis

An der Regierungserklärung 2018, hat de Xavier Bettel (DP) nach

Déi Escher CSV presentéiert sech als demokratesch alternativ
Meenung

Déi Escher CSV presentéiert sech als demokratesch alternativ

Datt d‘CSV an der Minettemetropol wuel net als stäerkste Partei

Wien stoppt d’Haus vun der Maus?

E Kommentar

Wien stoppt d’Haus vun der Maus?

Während d’Rumeur ronderëm d’Opkafe vu Fox duerch Disney ëmmer méi u Glafwierdegkeet gewënnt, gi scho verschiddener an Hollywood ganz nervös. Eigentlech haten Insideren jo doropper getippt, datt Disney sech Sony Pictures ënnert de Nol räisse géif. Déi si mi kleng a mi liicht ze verdauen an hunn och déi eng oder aner Marvel Serie am Ugebuert – alle virun Spider-Man.

Et gi gutt Grënn, nervös ze sinn: Wien an de Kino geet gesäit do een Disney-produzéierte Film nom aneren. Am Box Office ass d‘Haus vun der Maus oft genuch vir mat bäi. A vue datt den Trend mat Comic-Verfilmungen sech wéi et schéngt net briechen oder bremse léisst, ass net viraus ze gesinn, datt sech dat eng kéier gëtt. An dann hu mer nach guer net iwwer Star Wars geschwat, enger Kou, déi vill Mëllech gëtt.

Nei Marken anzekafen, domat huet sech Disney selwer gerett, nodeems déi eege Saachen net méi sou gutt gelaf sinn an d‘Entreprise zimlech stagnéiert huet. An dëst schéngt de Business Model ze sinn: Nei Marken akafen, besser ëmsetzen an de Profit kasséieren. Datt domat ëmmer och e Stéck Onofhängegkeet verluer geet, dat sollt offesichtlech sinn.

Mee dat ass net den eenzege Punkt, deen een hei kritesch muss kucken. Deen aneren ass ganz kloer, datt Disney dës Virmuechtstellung wäert notzen, fir zum Beispill um Streaming-Marché eng besser Positioun eraus ze schaffen. Fir 2018 ass ugekënnegt, datt den eegenen Netflix-Killer soll prett sinn. A si wëlle keng zweet Gei à la Amazon Prime Video spillen, nee, hei deit alles doropper hin, datt mat Star Wars, Marvel a Co. ee probéiert, d‘Leit un sech ze bannen.

Netflix huet do längst reagéiert a produzéiert selwer ëmmer méi Serien a Filmer – eben och, fir sech net missen mat esou Lizenzverhandlungen missen of ze ginn. Dëst stellt erëm eng Kéier den ale Studiosystem vun Hollywood weider a Fro, iwwerhuelen se dach ganz gären d‘Produktioun an Distributioun vu Filmer, déi vun de grousse sechs (Columbia, 21st Century Fox, Warner Bros., Paramount, Universal, Disney) ignoréiert ginn.

Konkurrenz belieft bekanntlech d‘Geschäft. Mee Disney schéngt net nëmmen e Business-Model fonnt ze hunn, dee funktionnéiert, si hunn och mëttlerweil d‘Muecht, fir deen ëmmer méi breet aus ze fueren. Erschreckend ass, wéi de Recht vun der Industrie probéiert, dëst no ze maachen, an dobäi net sou richteg op d‘Bee kënnt. Do wier den Extended Universe vun DC (Warner Bros.), deen ëmmer nach net beweise konnt, datt se d‘Konschtstéck vum Marvel Cinematic Universe kënne nomaachen. Dee selwechte Produzent ass och op eng beandrockend Aart a Weis mat The Mummy um Opbau vun engem „Dark Universe“ gescheitert. Kuerz: Am Moment ass net ze gesinn, wéi Disney hei soll gestoppt kënne ginn.

Related topics 20th Century Fox, Disney, Film, Kino, Marvel, Netflix
Next post Previous post