Search

You may also like

Nordkorea wäert net bei den Olympesche Spiller dobäi sinn
International Neiegkeeten

Nordkorea wäert net bei den Olympesche Spiller dobäi sinn

Wéinst dem Covid-19 huet den Nordkoreaneschen Olympesche Comité d’Entscheedung getraff,

Editorial: Lockdown fir Lëtzebuerg: jo… nee… vläicht…
International Neiegkeeten

Editorial: Lockdown fir Lëtzebuerg: jo… nee… vläicht…

Um Samschdeg war de Premier Xavier Bettel bei de Kolleege

Neien Lëtzebuerger Aktiounsplang: Jughurt amplaz Waasser!
International Neiegkeeten

Neien Lëtzebuerger Aktiounsplang: Jughurt amplaz Waasser!

De Bau vun enger vun der griichescher Molkerei-Grupp FAGE zu

Wien: Vun Erkenntnisser a Onkloerheeten

Wien: Vun Erkenntnisser a Onkloerheeten

Nom Attentat vum Méindegowend an der éisträichescher Haaptstad – wou ee Lëtzebuerger Student blesséiert ginn ass – huet den Inneminister Karl Nehammer gëschter déi éischt Erkenntnisser vun den Ermëttlunge presentéiert. Et gëtt awer nach vill Onkloerheeten. Et soll, dat schéngt erwisen, een islamisteschen Terrorist un dëser Dot deelgeholl hunn, déi véier Mënscheliewe kascht huet.

Den Uschlag hat sech wéineg Stonne virum Ufank vum partielle Confinement zougedroen. Géint 20 Auer um Méindegowend, huet e Mann zu Wien am Ëmfeld vun der Seitenstettengasse e Mann, dee mat engem Stuermgewier, enger Pistoul an enger Machete bewaffent, ouni en Ënnerscheed ze maachen op d‘Leit an de Stroossen oder de Bistroe geschoss. De Rimm mam „Sprengstoff“ huet sech als Attrapp erwisen. Véier Passanten – zwou Fraen an zwee Männer – sinn heibäi ëmkomm

Laut dem Karl Nehammer, sinn insgesamt 22 Mënsche blesséiert ginn, ee vun den Täter – d‘Police geet nach ëmmer vu méi Bedeelegten aus – ass vun de Sécherheetskräften „neutraliséiert“ ginn. Dat Ganz huet sech op sechs no beienaner geleeëne Plazen zougedroen; ausser der Seitenstettengasse gi genannt: de Morzinplatz, Schwedenplatz, Salzgries, Graben, Fleischmarkt a Bauernmarkt.

Dësen Uschlag geet, esou den éisträicheschen Inneminister, op de Kont vu mindestens engem reliéisen Terrorist. Esou wier den Attentäter, een 20 järege Migrant aus Mazedonien, ee Supporter vun der Terrormiliz Islamesche Staat (IS) gewiescht. Dës Organisatioun hätt sech mëttlerweil och zum Ugrëff bekannt. Den Täter war doriwwer eraus wéinst Bedeelegung un enger terroristescher Vereenegung virbestrooft. Dat heescht: dëse jonke Mann war geféierlech an dat war och gewosst.

An dësem Kontext wier et elo natierlech wichteg ze wëssen, ob d‘Autoritéiten dësen Attentäter no senger virzäiteger Entloossung aus dem Prisong iwwerwaacht hunn, a falls jo, wéi esou eng Dot d konnt méiglech sinn. Et ass natierlech och méiglech, datt d‘Staatsmuecht sech net weider ëm de Liewenswee vun dësem Mann gekëmmert huet. Ee Punkt deen och politesche Sprengstoff enthält.

Wien

Den Inneminister huet an dësem Zesummenhang eng Iwwerpréiwung vun der Justizspraxis – laut där verurteelt Strooftäter fréizäiteg entlooss kënne ginn – gefuerdert. Den Täter vu Wien war zu 22 Méint Haft verurteelt ginn, well hie sech dem IS uschléisse wollt, ass du fréizäiteg entlooss ginn, well hien un engem Programm zur Deradikaliséierung deel geholl hat. Et wier dësem Terrorist, esou de Karl Nehammer, gelongen d‘Justiz hannert d‘Liicht ze féieren. Dat dierft eigentlech net sinn.

Politesch motivéiert

Esouwuel den Inneministère wéi d‘Police gi bei dësem Attentat vun engem „politesch-reliéisen“ Hannergrond aus. Zur Stonn bleift ongekläert, op de jonken Terrorist Komplizen hat, oder hien des Dot eleng geplangt an zur Ausféierung bruecht huet. Dat schéngt d‘Police fir onwahrscheinlech ze halen, bezunn op de Fait, datt ausser der Wunneng vum doudegen Terrorist, nach 18 weider Haiser a Wunnenge perquisitionnéiert goufen, 14 Persoune verhaft an elo musse verhéiert ginn.

Wien

Wann et elo d‘Indizien alleguerten drop hiweisen, datt d‘Verbindung zum IS reell ass – de Mann soll och virun zwee Joer versicht hunn d‘Terrormiliz a Syrien ze „besichen“ – esou feelt et net eleng um Bekennerschreiwes, och ee konkret Motiv ass hei schlicht net ersiichtlech. Wollt de Mann am Quartier Panik verbreeden oder hat hien et awer op d‘Synagog ofgesinn? Dat bleift ze klären.

Fir de Virsëtzende vun der israelitescher Kultusgemeinschaft Oskar Deutsch, ass wier et éischter ausgeschloss, datt sech den Terrorist d‘Synagog als Zil fir seng Dot ginn huet. Esouwuel den Tempel wéi och déi administrativ Servicer op der selwechter Adress, waren zum Zäitpunkt vun der Attack laang zou. Et war also längst kee Mënsch méi op der Plaz, fir dee sech den islamisteschen Terrorist hätt interesséiere kënnen. Dat bréngt nee Zweiwel op, bezunn op d‘Motivatioun…

Wien

Am Kontext vun der Dot, hat d‘Police d‘Leit opgeruff méiglech Opnamen (Biller/Videoen) direkt der Police zougänglech ze maachen, statt se op de soziale Medien ze publizéieren. Laut dem Karl Nehammer, sinn eng 20.000 dëser Fichieren, op den dofir zur Verfügung gestallte Site, eropgeluede ginn. D‘Auswäertung vun all dësen Daten ass nach amgaangen a wäerten nach undaueren.

Ongekläert ass och nach ëmmer, wou den 20 järegen u seng Waffe komm ass. Laut dem Verbond vu Journaliste vun NDR/WDR an SZ, déi der Saach op de Grond gaange sinn, gëllt als erwisen, datt de mann am Summer d‘Munitioun an der Slowakei kaf huet. E Fait deen den éisträichescher Police misst bekannt gewiescht sinn. De Bundeskanzler Sebastian Kurz huet nach emol confirméiert, datt een d‘Grondwäerter vun der Gesellschaft verdeedege wäert an huet eng Staatstrauer beschloss.

mat indymedia/vie

Foto: A ganz Éisträich, wéi hei zu Innsbruck, ass den Affer geduecht an Terror, Hetz a Faschismus si verurteelt ginn. © Michael Bonvalot (via Twitter)

Related topics Attentat, Éisträich, islamesche Staat, islameschen Terror, Virbestrooft, Wien
Next post Previous post