Search

You may also like

No der Musel, elo och Cyanobakterien um Stauséi…
International Neiegkeeten

No der Musel, elo och Cyanobakterien um Stauséi…

Am Kontext vun der reegelméisseger Iwwerwaachung vun der Waasserqualitéit, hunn

Bréissel: De François Bausch an d’NATO
International Neiegkeeten

Bréissel: De François Bausch an d’NATO

Eise Verdeedegungsminister François Bausch huet déi vergaange Woch un der

De renovéierten INL: endlech ass et offiziell!
International Neiegkeeten

De renovéierten INL: endlech ass et offiziell!

Mat vill Gedauschs ass e Freideg de renovéierten INL (Lëtzebuerger

Wien: Treffe vun den däitschsproochege Finanzminister

Wien: Treffe vun den däitschsproochege Finanzminister

Ufank dëser Woch war de Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna (DP) op Aluedung vu sengem éisträicheschen Homolog Gernot Blümel zu Wien, wou déi däitschsproocheg Minister e klenge Sommet, am Kontext vum Kampf géint déi negativ wirtschaftlech Folge vun der Covid19-Pandemie, ofgehalen hunn.

Et ass awer och eng Reunioun, déi souwisou all Joers vun de Finanzminister aus Däitschland, Éisträich, Lëtzebuerg, Liechtenstein an der Schwäiz stattfënnt. Dës Politiker notzen den informelle Kader fir sech iwwert aktuell Themen op internationalem an europäeschen Niveau ze ënnerhalen. Datt dëst Joer den „alles beherrschende“ Sujet de Coronavirus Covid19 ass, war ze erwaarden.

Net nëmmen dat déi sanitäre Kris offensichtlech nach wäit dovunner ewech ass iwwerwonnen ze sinn, et dreet och eng gehéiereg Wirtschaftskris, vun där ee bei allem gebuedenen Optimismus sollt erwaarden, datt se wesentlech schlëmmer wäert ausfalen, wéi sengerzäit d‘Finanzkris (2008/9). Eng Behaaptung déi seng unhand dem eesilbege Communiqué vum Finanzministère bestätegt gesäit.

Aus dësem geet ausser iwwerflächleche Phrasen deraart wéineg ervir, datt d‘Lag erhieflech méi, fir net ze soe katastrophal muss sinn. Trotzdeem läit d‘Betounung am offiziellen Text op de ville „Gemeinsamkeeten“ déi, déi däitschsproocheg Länner géifen auszeechnen. Dobäi gëtt sech op déi als effizient betruechte Kuerzaarbecht bezunn. Och iwwert d‘Finanzhëllefe gouf sech ausgetosch.

De Finanzminister gouf och zitéiert: „An engem komplexen an onsécheren, vum Coronavirus gepräägten Ëmfeld, war dëst informellt Treffe wichteg, well et mir d‘Méiglechkeet gebueden huet, mengen däitschsproochege Kolleege d‘Situatioun vu Lëtzebuerg méi genee ze erläuteren. Mir konnten eis ausserdeem iwwert eis jeeweileg Erfahrungen am Kampf géint d‘Pandemie an dëser hir wirtschaftlech Folgen austauschen“.

Weider heescht et, datt dës Gespréicher op héijem Niveau fir all déi bedeelegt vu besonnescher Bedeitung sinn. De Pierre Gramegna géif sech iwwert d‘Fortsetzung vun der verstäerkter Zesummenaarbecht tëscht de fënnef Länner am Kampf géint d‘Covid19-Pandemie freeën, dat besonnesch wou jo gewosst ass, datt d‘Infektiounskrankheet sech net vu Grenzen ophale léisst.

„D‘Treffe vun den däitschsproochege Finanzminister bleift fir Lëtzebuerg weiderhinn eng privilegiéiert Plattform fir den Austausch vun Iddien, déi all Joers op en Neits d‘Geleeënheet bitt sech am informelle Kader iwwer finanz- a finanzpolitesch Prioritéiten auszetauschen“, esou de Pierre Gramegna. Nach manner kann een net zu enger ganz reeller Bedreeung ausdrécken.

mam SIP/Finanzministère

Foto: (v.l.n.r.) Pierre Gramegna (Finanzminister Lëtzebuerg), Olaf Scholz (Finanzminister an däitsche Kanzlerkandidat), Adrian Hasler (Regierungschef a Finanzminister vu Liechtenstein), Gernot Blümel (Finanzminister Éisträich) an den Ueli Maurer (Finanzminister Schwäizer Konfederatioun) – © MFIN

Related topics Adrian Hasler, Finanzminister, Gernot Blümel, Informelle Sommet, Olaf Scholz, Pierre Gramegna, Ueli Maurer, Wien
Next post Previous post