Search

You may also like

Liicht Hausse beim Chômage
Kultur Neiegkeeten

Liicht Hausse beim Chômage

Der Konjunktur geet et weiderhi ganz gutt, och wann de

What the Fakt – Haut ass Weltmännerdag
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass Weltmännerdag

Léif Männer, maacht schonn emol ee Béier op, well haut

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 5)
Kultur Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 5)

Fir d’Period vum Confinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

Plëss: Wiener-Owend mat der Militärmusek an der Danzschoul Mireille Roulling

Plëss: Wiener-Owend mat der Militärmusek an der Danzschoul Mireille Roulling

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d‘Militärmusek hunn déi grouss Freed d‘Editioun 2019 vum „Wiener-Owend“ unzekënnegen. Dëst grousst musikalescht Fest fënnt statt dëse Freideg 26. Juli um Kiosk op der Plëss.

Ënnert der Direktioun vum Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun, bitt d‘Militärmusek e groussen Abléck an déi Wiener Walzen (hei ass den Danz an net d‘Maschinn gemengt). D‘Choreographie fir d‘Walze goufe vun der Danzschoul Mireille Roulling (Miersch) astudéiert.

Um Programm stinn d‘Wierker vun der Dynastie vum „Kinnek vun der Walz“. Dat sinn de Johann Strauss, de Franz Lehar, de Carl M. Ziehrer, de Joseph Hellmesberger Sohn, de Julius Fucik an den Edouard Strauss. Gebuede gi folgend Stécker:

  • Nechledil Marsch (Franz Lehar)
  • Wiener Bürger (Carl M. Ziehrer)
  • Teufelstanz (Joseph Hellmesberger Sohn)
  • Annen Polka (Johann Strauss)
  • Donausagen (Julius Fucik) – Mat der Danzschoul Mireille Roulling
  • Bahn Frei (Edouard Strauss)
  • Ouverture zum Waldmeister (Johann Strauss)
  • An der schönnen blauen Donau (Johann Strauss) – Mat der Danzschoul Mireille Roulling
Related topics Danzschoul Mireille Roulling, LCTO, Luxembourg City Tourist Office, Militärmusek, Plëss in Concert
Next post Previous post