Search

You may also like

UN-Sécherheetsrot verurteelt Gewalt am Myanmar
International Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot verurteelt Gewalt am Myanmar

Eestëmmeg – also och mat de Stëmme vu China a

Selwer Schold!
International Neiegkeeten

Selwer Schold!

Et gëtt ëmmer nees Leit, déi sinn net vun dëser

A bemol koum d’Waasser – En Androck vu Miersch (Billergalerie)
International Neiegkeeten

A bemol koum d’Waasser – En Androck vu Miersch (Billergalerie)

Wärend verschidde Mierscher Awunner dat Wichtegst an enger Tut bei

Wiener Terroraffer erhëlt sech

Wiener Terroraffer erhëlt sech

De Lëtzebuerger Student, deen de Méindeg 2. November zu Wien onverhofft engem islameschen Terrorist an d‘Gräpp gerode war, an heibäi vun enger Kugel an déi lénk Schëller getraff gouf, ass um gudde Wee sech vu senge Blessuren ze erhuelen.

De 25 järegen Alex Pereira Macedo – e fréiere Schüler vum „Arts & Métiers“ – studéiert zu Wien Konschtgeschicht. Et war den Ausseministère, deen informéiert hat, datt ee Lëtzebuerger zu den Affer vum Attentat, datt ëmmerhi véier Mënscheliewe gefuerdert huet, gehéiere géif. Dës Attack gouf vum Islamesche Staat (IS) revendiquéiert, den Täter ugeschoss a verhaft.

Fir de jonke Student aus Lëtzebuerg war et „Pech“ sech zum Zäitpunkt vum Uschlag op der Terrass vun engem Bistro um Ruprechtplatz néiergelooss ze hunn. Wann d‘Zäit sécher déi kierperlech Wonnen heele wäert, esou dierft et eng aner Saach sinn, och nees am Kapp Fridde mat sech an der Welt ze schléissen. Fir den ament awer ass et schonn emol wichteg, datt et dem affer besser geet.

Iwwert säin Zoustand informéiert allerdéngs net eisen Ausseministère, mee et ass ee Communiqué vun der portugisescher Ambassade zu Wien, deen Opschloss liwwert. Déi confirméiert, datt den Alex Pereira Macedo zwar nach ëmmer am Spidol behandelt gëtt, mee um Wee vun der Besserung ass. Och den aneren Affer vum Terroruschlag géif et den Ëmstänn enstpriechend besser goen.

En Dënschdeg war den éisträichesche Bundeskanzler, Sebastian Kurz, beim franséische President Emmanuel Macron, wou si sech iwwert méiglech Moossname géint den Terror ënnerhalen hunn. Si fuerderen eng Reform vum Schengenraum a besser Kontrollen un den europäesche Baussegrenzen, fir zukünfteg Attentater besser verhënneren ze kënnen. Och Bréissel a Berlin goufe consultéiert.

Illustratioun: © Jennifer Griffin / unsplash

Related topics Éisträich, radikalen Islamismus, Terror, Terrorattack, Wien
Next post Previous post