Search

You may also like

Autocross EM: Ongléckleche Weekend fir de Kevin Peters
Kultur Neiegkeeten

Autocross EM: Ongléckleche Weekend fir de Kevin Peters

http://www.autocross-em.de/Fir d‘Piloten an d‘Fangemeinschaft vum Autocross, ass d‘Europameeschterschaft am Autocross

Geheim Datebanken: Politesche Waffestëllstand iwwer Chrëschtdag
Kultur Neiegkeeten

Geheim Datebanken: Politesche Waffestëllstand iwwer Chrëschtdag

Am Kontext vun de geheimen Datebanken, och als „Casier-Bis“ verkläert,

Um Krautmaart hunn se e Gesetz zur Kierperkonscht ugeholl
Kultur Neiegkeeten

Um Krautmaart hunn se e Gesetz zur Kierperkonscht ugeholl

Wann ee bedenkt, datt et bis gëschter kee Gesetz ginn

Trauer an der däitscher Fernsehwelt: De Willi Herren ass dout

Trauer an der däitscher Fernsehwelt: De Willi Herren ass dout

Nodeems den Kölner Acteur a Reality-Star Willi Herren gëschter net op säi geplangte Rendez-vous komm an och net op den Handy gaangen ass, huet säi Management d’Police an en Noutdokter alarméiert. A senger Wunneng am Staddeel Mülheim konnt just nach den Dout vum 45 Järegen festgestallt ginn.

Et ass emol keng Woch hir, datt de Willi Herren sech säin groussen Dram erfëllt a mat der „Rievkoche Bud“ säi Gromperekichelchersstand opgemaach huet. Wärend verschidde Medien dovunner ausginn, datt de Ballermannstar un enger Iwwerdosis gestuerwen ass, distanzéiere sech säi Management, d’Police a seng Kollege vun dëser Behaaptung.

Och wann hien nieft senge Fernsehrollen besonnesch duerch Drogen- an Alkoholexzesser opgefall ass, hätt hien den iwwerdriwwene Konsum hannert sech gehat a wier „superstabil“, erkläert de Jörg Hansen, ee vu senge Geschäftspartner vum Iessstand.

Seng Fra, d’Jasmin Herren an de Willi hu sech eréischt am Mäerz getrennt, sech dozou awer ni geäussert. De Verloscht huet si esou déif getraff, datt si elo betreit gëtt. No dëser Nouvelle huet och Sat. 1 annoncéiert, datt d’Sendung „Promis unter Palmen“ gestoppt gëtt. Hei war de Kölner nach bis viru kuerzem ze gesinn.

Ugefaangen huet dem Willi Herren seng Karriär am Joer 1994, wou hien op den Theaterbühne vu senger Heemeschtstad Köln déi éischt Optrëtter duerft hunn. Viru goung et an de Fernseh: Den deemools nach onbekannten Acteur konnt ënnert anerem bei „Alarm für Cobra 11“ an am „Tatort“ matspillen, ier hien an der Roll vum „Olli Klatt“ säi groussen Duerchbroch an der Sendung „Lindenstraße“ feiere konnt. Ma, net nëmmen um Ecran, mee och op de Bühne vum Ballermann war den rauen Entertainer ze gesinn.

De Willi Herren ass fréi Papp, an 2014 och Grousspapp ginn.

Opmaacherfoto: Willi Herren Fanseite / Facebook

Related topics Alkohol, Dout, Drogen, Jasmin Herren, Köln, Lindenstraße, Police, Reality-Star, Rievkoche Bud, Willi Herren
Next post Previous post