Search

You may also like

D’Gentrifizéierung vum Pafendall, oder wéi d’Gemeng hier Awunner verdränge léisst
Neiegkeeten

D’Gentrifizéierung vum Pafendall, oder wéi d’Gemeng hier Awunner verdränge léisst

Am Pafendall riets vun der Primärschoul zur Säit vun der

ASTA: Wéi war de meteorologesche Fréijoersufank?
Neiegkeeten

ASTA: Wéi war de meteorologesche Fréijoersufank?

Pünktlech zum Ofschloss vum meteorologesche Fréijoer 2019 huet de staatleche

Eis „Nation Branding Campaign“ leeft weider
Neiegkeeten

Eis „Nation Branding Campaign“ leeft weider

„Lets make it happen“, esou de Slogan mat deem Lëtzebuerg

Winterlights 2019: Dir wëllt ee Chalet lounen oder ee Stand reservéieren?

Winterlights 2019: Dir wëllt ee Chalet lounen oder ee Stand reservéieren?

Vun Donneschdes, den 21. November bis Dënschdes, de 24. Dezember 2019 fënnt an der Stad Lëtzebuerg nees den traditionelle Chrëschtmaart statt. Souwuel op der Place d’Armes, wéi och op der Place de la Constitution lackele wärend de Winterlights 2019 flott Stänn a lueden zur wanterlecher Atmosphär an.Och dëst Joer kënnen Associatiounen a Privatleit nees ee Chalet lounen oder ee Stand reservéieren.

Marché Solidaire beim Roude Pëtz

Déi véier Stänn si virun allem vir karitativ Associatioune geduecht. Esou kënnen dës hir Actiounen a Missioune presentéieren, Produite verkafen a Sue sammelen. Duerch ee Manege kënnen och d’Kanner vu flotte Momenter hei profitéieren. Vu Freides, den 22. November bis Méindes, den 23. Dezember ass de Chrëschtmaart vun 11:00 bis 18:00 Auer an der Foussgängerzon beim Roude Pëtz ze fannen.

Ee Stand kascht 15€ den Dag. D’Umeldung fannt Dir HEI.

Véier Chaleten fir artisanal oder artistesch Kreatiounen

Ganzer véier Chalete gi vir Privatpersoune reservééiert, déi hir artisanal oder artistesch Kreatiounen um Chrëschtmaart op der Place d’Armes ubidde wëllen. Wärend engem ganze Mount ee Stand ze féieren ass net grad einfach. Dofir kritt een hei d’Méiglechkeet fir een oder zwee Deeg an engem Chalet seng Produiten ze verkafen.

Ee Chalet kascht 25 € den Dag. D’Umeldung fannt Dir HEI.

Wanterleche Floumaart a Secondhand Maart fir Kanner

Um Samschdeg, den 30. November gëtt souwuel ee Floumaart, wéi och ee Secondhand Maart an der Hal Victor Hugo (60, avenue Victor Hugo 1750 Lampertsbierg) organiséiert. Vun 9:00 bis 17:00 Auer kënnen Kleng a Grouss hei Spillsaachen a Kannerkleedung verkafen an de Leit Objeten ubidden, déi een neit Liewe kréie sollen.

D’Participatioun ass gratis fir eng Plaz vu 4 x 2,50 Meter (een Dësch an 2 Bänke ginn zur Verfügung gestalt, eng Plaz pro Persoun). D’Aschreiwunge gi vum 1. bis den 10. November 2019 iwwert de Formulaire. Weider Detailer ginn et bei der Madamm Marie-France Lamesch (Tel.: 4796 4299) oder videgrenier@vdl.lu.

Related topics Chalet lounen, Chrëschtmaart, Floumaart, Marché Solidaire, Place d'Armes, Roude Pëtz, Stand, Winterlights 2019
Next post Previous post