Winterlights on Ice: En Don vu 450 gratis Ticketen

De Stater Gemengen- a Schäfferot huet 450 Ticketen u Fondatiounen an Associatioune gespent, sou datt Demandeure fir internationale Schutz, Persoune mat spezifesche Besoinen a Mënschen a schwierege sozialen an/oder finanzielle Situatiounen eng flott Zäit op der Äispist am Stater Park verbrénge kënnen.

Dësen Don goung un d’Fondation Maison de la Porte Ouverte, den Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration, d’Caritas, d’Lëtzebuerger Rout Kräiz, d’Asbl Mir wëllen iech ons Heemecht weisen, de Flüchtlingszenter SHUK an un d’Associatioun Trisomie21.

Fir eng éischte Kéier befënnt sech d’Schlittschongpist „Winterlights on Ice“ op der Kinnekswiss am Stater Park ze fannen a lackelt nach bis den 2. Januar 2022 inclus op e rutschegt Erliefnis op 500 m², dovu sinn zwee Drëttel iwwerdaacht.

Dernières nouvelles