Search

You may also like

Déi zwee bedeitendst Lidder op Nationalfeierdag
Money Neiegkeeten

Déi zwee bedeitendst Lidder op Nationalfeierdag

Am Juni ass d’Fest vun der Musek an Nationalfeierdag. Jo,

King Boris kritt seng Neiwahlen
Money Neiegkeeten

King Boris kritt seng Neiwahlen

Et hat een en ament geduecht de britesche Premier géif

dislike
Eng Camionnette rennt zu Toronto an d‘Leit: 10 Doudeger
Money Neiegkeeten

Eng Camionnette rennt zu Toronto an d‘Leit: 10 Doudeger

De Chauffer vun der Camionnette deen e Méindeg zu Toronto

money

Wirtschaftsminister sicht Kreativ Käpp

Wirtschaftsminister sicht Kreativ Käpp

Elo wou gekläert ass, datt d‘Start-up Entreprisen déi Hëllef sollen erhalen, déi hir Existenz soll sécheren, riicht de Franz Fayot en Appell un se a fuerdert kreativ Virschléi fir dem Coronavirus Covid19 eppes entgéintzestellen.

Wann et sécherlech jidderengem dierft ersiichtlech sinn, datt een der Infektiounskrankheet am beschte mat engem Impfstoff sollt begéinen, esou muss et esou een och ginn. Esou ee Vaccin benéidegt allerdéngs Zäit, vill Zäit. Eng Zäit déi net nëmmen d‘Fuerscher sollten notzen, och d‘Start-up Entreprise, kéinten hei innovativ Proposen op den Dësch leeën, esou de Minister.

An esou gëtt keng Zäit verschwent: de Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP), säi Ministère a „Luxinnovation“ riichten den 9. Abrëll ënnert dem Slogan „StartupsVsCovid19“ en Appell un d‘Kreativitéit, fir iwwert dëse Wee technologesch Produkter oder Servicer ze entwéckelen, déi derzou kënne bäidroen eppes méi galant déi wirtschaftlech a gesellschaftlech Folgen ofzefiederen.

Bis 20 Projete wier ee Bereet mat bis zu 150.000 Euro ze ënnerstëtzen, woubäi déi Projete fir eligibel ze sinn, bannent sechs Méint entwéckelt an op de Maart komme missten. Mee ass dësen Zäitraum realistesch? Weder de Minister nach Luxinnovation wëllen eis dat beäntwerten. Dat heescht awer net, datt d‘Iddi falsch ass, a wéi „relativ“ Zäit an der Kris ass wësse méi jo och.

Optimismus statt Populismus

Et ass jo och u sech och net verkéiert, mat enger Zäitvirgab eppes Drock ze maachen, schliisslech besteet dréngenden Handlungsbedarf an mir hu weltwäit déi beschte Start-up Entreprisen. Et sollt dëse Saile vun der Start-up Natioun Lëtzebuerg, also éischter keng Problemer bereeden, sech un de Strammen Zäitplang ze halen. Si hu bis den 30 Abrëll Mëtternuecht Zäit, hir Projeten anzereechen.

All déi dozou Noutwenneg Informatiounen, kënnen sech d‘Start-up Entrepreneuren ënnert dem Link www.startupsluxembourg.com/startups-vs-covid19 eranzéien. Ab dem 8. Abrëll ginn dozou sougenannt Web-Seminären organiséiert, déi awer och de Start-up Entrepreneuren déi richteg Informatioune ginn, wéi eng Hëllefen si ënnert wéi enge Konditiounen dierfen an Usproch huelen.

Dorausser ergëtt sech, datt mir net nëmmen am Gesondheetssystem beschtens opgestallt sinn fir eng Katastroph ze verhënneren, mee mir och a virun allem déi intellektuell Ressourcen hunn, déi et eis, am Verglach zu allen aneren, wäerte méiglech maachen, d‘Folge vun dëser sanitärer Kris séier a wéi ëmmer och sozialgerecht an de Grëff ze kréien. Mir sollten also ab dem Hiecht nees un Dill sinn…

Related topics Coronavirus, Covid19, Fränz Fayot, Luxinnovation, Start-up Natioun, Wirtschaftsminister
Next post Previous post