Search

You may also like

„Schreib. Schreib jetzt, schreib. Schreib was. Nein, / schreib nicht.“ – Den Dichter Jean Krier
Neiegkeeten Stories

„Schreib. Schreib jetzt, schreib. Schreib was. Nein, / schreib nicht.“ – Den Dichter Jean Krier

An dësem Joer kënnt d’Lyrik-Anthologie Das Ende vom Lied (Phi-Verlag)

Irak: Tierkesch Offensiv géint Kurdesch PKK
Neiegkeeten Stories

Irak: Tierkesch Offensiv géint Kurdesch PKK

Zanter Deeg beschéisst déi tierkesch Arméi den irakeschen Norde mat

Social Media Netiquette
Neiegkeeten Stories

Social Media Netiquette

Mir si frou, Iech kënnen eis Servicer unzebidden, dorënner natierlech

Wann d‘Wirtschaftsminister d‘Vollek bedréien

De Rechnungshaff huet den Deckel vun engem Dossier ugehuewen a lescht Zweiwel ausgeraumt

Wann d‘Wirtschaftsminister d‘Vollek bedréien

Fir den Etienne Schneider, den sech eng gutt Plaz an der Wirtschaft erschafft huet, an de Franz Fayot dee sech mam Ierwe vu sengem Virgänger ploe muss, dofir awer net manner intensiv un enger gläichwäerteger Zukunftsperspektiv doktert, kënnt de Rapport vum Rechnungshaff eppes ongeleeën.

Datt den Dossier Fage (an dat ass bäi wäitem net dee brisantsten) dem Wirtschaftsminister géif am Tirang explodéieren, datt war eigentlech just eng Fro vun der Zäit. Hei dierf drun erënnert ginn, datt de Chef vun der LSAP Fraktioun, Georges Engel, sech bei engem vun de ville Covid19-Gesetzer fir d‘Schoulkantinnen agesat hat, well et déi eenzeg Plaz wier, wou vill Kanner eng waarm Moolzecht fir den Dag kréien. Bis haut sicht een no dëse Kanner…

An engem Land wou Kanner Honger leiden, sollt een de grousse Konzerner vläicht net och nach, nieft de scho bequeme Steierkaddoen, Industrieterraine verschenken. Wann een sech dann elo op dee vum Rechnungshaff virgeluechte „Sonnerbericht“ bezitt, erkennt een, datt et an der LSAP elo weder Aarbechter nach Sozialisten huet, et sief et géif an tëscht eng nei Definitioun. Jiddefalls huet dee vun der CSV gefuerderte Rapport et an sech an net emol ze knapp.

Mam „Spezielle Bericht vum Rechnungshaff zum Verkaf vun Terrainen an de wirtschaftlechen Aktivitéitszonen (ZAE) déi dem Staat gehéieren“, kréien d‘Bierger, déi ënnerschiddlech Acteure vun der Zivilgesellschaft an d‘Gewerkschaften en déiwen Abléck an déi nei sozialistesch Politik. Esou huet de Rechnungshaff sech mat den Transaktiounen am Zäitraum vun 1993 bis 2020 missen ausenanersetzen. Et ass wierklech net schéi wat erauskoum.

Si droen et mat Fassung

De Rapport jiddefalls deen de Rechnungshaff der Chamber virgeluecht huet (an deen aus Grënn net komplett ass) enthält eng Oplëschtung vun de Venten, d‘Préiwe vun de Kritären déi d‘Transaktioun motivéiert huet, an et net wéi et eigentlech richteg wier, ee Buedemnotzungsrecht (juristesch: Bail emphytéotique) gouf. De Legale Kader bezitt sech op dat modifizéiert Gesetz vum 27. Juli 1993.

Wirtschaftsminister

Säitens dem Rechnungshaff heescht et, datt et nach ëmmer d‘Reegel ass, d‘Buedemnotzungsrecht bei der zur Verfügungstellung fir d‘Industrie ze privilegiéieren, et awer a „bestëmmte Fäll“ zur Vente vun de Staatsterraine komm ass. Dat ass dann och net den eigentleche Problem, villméi entsteet dëse Problem duerch d‘Aktioun vum Minister a senge Beamten, déi mat vollster Absicht, wuel och nees aus „Grënn“, dës Transaktiounen net esou dokumentéiere wéi et sech gehéiert.

Also eigentlech gëtt et kaum wann iwwerhaapt Ënnerlagen, well laut de Beamte vun dësem Ministère, ginn d‘Verhandlunge mat den Industriellen op eng ganz informell Aart a Weis gefouert (iwwersat: mat Koks an Houeren) an et déi derzougehéiereg Dokumenter, géif een dann och net archivéieren. Dat wier jo wuel och no Drogekonsum a Geschlechtsverkéier net wënschenswäert.

De Rechnungshaff hält nach weider fest, datt dat wat d‘Beamten an de Minister da bereetwëlleg zur Verfügung gestallt hunn, weder komplett nach novollzéibar war. Keen Dossier (bezunn op de Kontroll-Echantillon) deen dem Rechnungshaff iwwermëttelt gouf enthält eng detailléiert Analys zu engem méigleche wirtschaftleche Méiwäert, an dem ekonomeschen Impakt am Kontext vun der Entwécklung an Diversifizéierung. Esou eppes wéi eng „formell Analys“ ass de Minister friem…

Erwaart net dat et besser gëtt

De Rechnungshaff ass elo awer keng Instanz déi grouss Ännerungen erzwénge kann, firwat dann och hei elo „recommandéiert“ gëtt (no 27 Joer Gemauschels um lafende Band) datt kënfteg Venten an/oder d‘Vergab vu Buedemnotzungsrechter op detailléiert wirtschaftlech a finanziell Analyse fundéiert. Och d‘Verhandlunge sollte besser Dokumentéiert ginn. Wann net, ass et och gutt…

Woubäi… laut dem genannte Gesetz aus 1993, missten d‘Dossieren dann och gemeinsam vum Wirtschafts- an dem Finanzministère behandelt ginn. Et heescht esouguer datt et eng speziell Kommissioun muss ginn, an där dës Minister mat anere Minister musse saiséiert ginn, fir en Avis ofzeginn. Laut dem Rechnungshaff huet et esou eppes a 27 Joer net eng eenzeg Kéier ginn.

Et sinn dann awer déiselwecht Minister, déi elo mat der Regierung vun eis verlaangen d‘Covid19-Gesetzer op Punkt a Komma anzehalen. Den Ënnerscheet besteet allerdéngs doranner, datt kee vun dëse Minister fir esou eppes jeemools muss Verantwortung iwwerhuelen, oder géif riskéieren sech viru Geriicht mussen ze veräntwerten. Dat ass net dat wat Bierger vun der Regierung erwaarden.

An esou gouf der Entreprise Fage International S.A. en Terrain fir 20.000 Euro den Ar verkaf, ouni datt et dem Rechnungshaff méiglech wier ze préiwen, ob de Präis dem Maartwäert entsprécht. Och déi u sech verflichtend Virlag vun enger Estimatioun (bezunn op de reelle Wäert) Säitens dem Acquisitiounscomité vum Finanzministère, gëtt et net. Dëse Comité gouf allerdéngs ni sollicitéiert.

Datt et elo wäert heeschen: „Dat huet den Etienne Schneider verbrach“ soll eis virmaachen, datt den aktuelle Minister Franz Fayot vun allem näischt wëll gewosst hunn. Dat gëllt natierlech och fir den Dossier Google an eng Rei „aner wirtschaftlech Aventuren“. Net ze vergiessen, datt wann de Staat de gréissten oder eenzegen Aktionär ass, hien sech net an d‘Geschäfter vun der Firma amécht…

Illustratioun: © Visuals / unsplash

Related topics Cour des Comptes, Gemauschels, Rechnungshaff, Wirtschaftsminister, Wirtschaftsministère
Next post Previous post