Search

You may also like

Wéi gutt kenns du d’Herrscher vu Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Herrscher vu Lëtzebuerg?

[onionbuzz quiz-id=170][/onionbuzz] Lëtzebuerg huet a senger laanger Geschicht als Grofschaft,

Chantier um Echangeur Stroossen (24.-27.07.2020)
International Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Stroossen (24.-27.07.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt et duerch de Reamenagement vum Echangeur Stroossen

What the Fakt – Gedenken un iwwer 68 Millioune Flüchtlingen
International Neiegkeeten

What the Fakt – Gedenken un iwwer 68 Millioune Flüchtlingen

Säit dem Joer 2001 gëtt all Joer um 20. Juni

EU-Wirtschaftssanktioune géint Wäissrussland

Europa wëll den autokratesche Lukaschenko-Regime stierzen a mam Svetlana Tichanowskaja déi fréier Sowjetrepublik an d‘Unioun integréieren

EU-Wirtschaftssanktioune géint Wäissrussland

Déi Europäesch Unioun huet wäitreechend Wirtschaftssanktioune géint Wäissrussland verhaangen, nodeems éischt politesch Sanktiounen net de gewënschten Effet mat sech bruecht hunn. Elo sollen déi staatlech Betriber sanktionéiert ginn an dem Land den Zougank zum europäesche Kapitalmaart erschwéiert ginn. Leider ass net gewosst wéi ofhängeg Minsk vun dësem Kapitalmaart ass…

Wéi och ëmmer, et ass elo allen EU-Länner déi sech u Rechtsstaatlechkeet, d‘Wäerter vun der EU an der Demokratie hale verbueden: Kaliumkarbonat, Tubak an/oder Pëtrol aus Wäissrussland ze importéieren. Wann elo gewosst ass, datt d‘Pottasche ee wichtege Bestanddeel zur Hierstellung vu Konschtdünger ass, huet dës Sanktioun ee positiven Nieweneffekt am Sënn vun Natur & Ëmwelt.

Zu Minsk geet een – et huet ee jo nach aner Mäert déi un de genannte Produiten Interessi hunn – mat de Sanktiounen éischter Pragmatesch ëm. Déi Acteure wou perséinlech vun de Sanktioune betraff sinn, hu weder Geld nach sonsteg Interessen an der EU, déi si generell éischter Moskau an der russescher Federatioun verbonnen. Dat heescht awer net, datt et kenger Äntwert bedierf.

Den Alexander Lukaschenko huet dann elo och an Aussicht gestallt, déi westlech Regioun Grodno, ënner Krichsrecht ze versetzen. Déi grenzt u Polen, a bei sengem Besuch gëschter huet hie gesot: „Mir hunn eis drop (op d‘Sanktiounen) virbereet, mir wousste wat eis bedreet. (…) Mir mussen den Drecksäck déi aner Säit der Grenz weisen, datt hir Sanktiounen dat eegent Versoen ënnersträichen“.

Säin Humor a seng Liewensfreed huet de leschten europäeschen Diktator net verluer. Beim Besuch vun engem Staatsbetrib huet de Lukaschenko sech iwwert déi europäesch Demokratie lëschteg gemaach a gemengt: „Diktatur ass dach net schlecht… a fir d‘Produktioun ass eng Diktatur jo och noutwenneg…“. Ee Witz deen een esou am Raum stoe léist, och wann en net sollt verstane ginn.

mat indymedia/mow/bru

Illustratioun: © Jan Shnipelson / unsplash

Related topics Alexander Lukaschenko, Diktatur, EU-Sommet, Krichsrecht, Sanktiounen, Svetlana Tichanowskaja, Wäissrussland
Next post Previous post