Search

You may also like

Lëtzebuerg krut 1.200 Dosen vum Moderna-Vaccin
Neiegkeeten

Lëtzebuerg krut 1.200 Dosen vum Moderna-Vaccin

Nodeems d’Europäesch Kommissioun um 6. Januar gréng Luucht ginn huet,

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 2)
Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 2)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg

NATO: E Rapport proposéiert en Artikel „5b“ géint den „Hybridkrich“
Neiegkeeten

NATO: E Rapport proposéiert en Artikel „5b“ géint den „Hybridkrich“

D’Parlamentarier vun der NATO, déi nach bis haut zu Warschau

Wisefest dëse Weekend – mat Heavy Petrol

Wisefest dëse Weekend – mat Heavy Petrol

Och dëst Joer organiséiert d’Amicale vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek nees hiert traditionellt Wisefest. Bei der 41. Editioun invitéiere si Iech op ee Weekend gefëllt mat Animatioun, Musek a gudder Stëmmung.

Ugepaff gëtt de kulturelle Programm vum Samschdeg, 2 Stonnen no der Erëffnung vum Fest, mat der „Big Music Band 2001“ vum OGBL. Um 17:00 Auer fänkt dëse Concert un. Et soll awer net deen eenzegen Highlight fir d’Ouere bleiwen!

Um 20:30 Auer ass et nämlech un der Rock- a Bluesgrupp Heavy Petrol, fir de Publikum ze begeeschteren. De Museker hir Aventure huet 2011 ugefaangen, wou déi fënneg Kollegen decidéiert hunn zesummen de Blues nees opliewen ze loossen. Et huet net laang gedauert bis si hir eege Wierker an Texter presentéiert, an domat voll an d’Schwaarzt getraff hunn.

Mëttlerweil besteet Heavy Petrol aus 6 Memberen: Dem Woody Lunari (Gesang an Harmonika), dem Dan Kries (Bass), dem Gigi Felten (Gittar), dem Konni Troost (Battrie), dem Steve Richer(Gittar) an dem Elise Nunes (Gesang). A genau dës Museker sinn aus der Lëtzebuerger Zeen a Festivalen wéi dem Blues an d’ Jazz Rallye oder och dem Blues Express net méi ewech ze denken.

Nodeems 2017 hiren Album „Petrol Train“ erauskomm ass, mat Inspiratiounen un Artisten, wéi dem Jimi Hendrix, dem Johnny Winter oder och dem Joe Bonamassa, konnten si am Abrëll 2019 a Porutgsl frn „European Blues Challenge“ de Grand-Duché vertrieden.

De Sonndeg Moien fänkt um 10:30 Auer mat engem „Concert Apéritif“ vun der Escher Biergaarbechtermusek un. Weider geet et mat Folklore aus dem Montenegro um 14:30 Auer an engem ofschléissenden Optrëtt vun den Escher Akkordeonisten. Fir de 70. Gebuertsdag vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek gëtt iwwregens um 11:15 Auer eng Receptioun gemaach, gefollegt vun enger Table Ronde am Nomëtteg.

Mat Iessen a Gedrénks, dorënner de bekannte WiseFësch an eng Mojitobar mat leckere Cocktailer, engem Bicherstand, enger Kaffistuff, engem Floumaart an der Presenz vun internationale Gäscht ass wuel fir jiddwereen eppes mat dobäi!

Related topics Heavy Petrol, KPL, OGBL, Wisefest, Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek
Next post Previous post