Search

You may also like

Se sinn net Doud, se rocke nach!
Kultur Neiegkeeten

Se sinn net Doud, se rocke nach!

D’Rolling Stones hunn hir Europatournée mat engem Open-air Concert am

surprise
Tierkei: Europa gëtt nees „barbaresch, faschistesch, gewaltbereet an intolerant“
Kultur Neiegkeeten

Tierkei: Europa gëtt nees „barbaresch, faschistesch, gewaltbereet an intolerant“

Um Méindeg huet d‘Tierkei déi däitsch Politiker beschëllegt, sech „dem

Mënschenhandel an Ausbeutung och bei eis
Kultur Neiegkeeten

Mënschenhandel an Ausbeutung och bei eis

All zwee Joer leet déi Consultativ Mënscherechtskommissioun (CCDH) der Chamber

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz

Ee Film vum Shelley Hermon

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz

Hei geet et ëm d’Geschicht vun zwee Pappen: De palestinensesche Bassam Aramin an den israelesche Rami Elhanan. All béid hunn se am israelesch-palestinensesche Konflikt hir Duerschter verluer. Am Kamp misste si sech eigentlech géigeniwwer stoen an ëmbréngen. An awer entscheede si sech dogéint sech ze rächen an appelléieren un d’Mënschheet.

„Wann de Film eng weltwäit Audienz erziele kann, ass et fir eis sécher, datt mir een nëtzlechen Tool fir d’Verbreedung vun Empathie wäerte sinn. D’Hermon erzielt dëst op eng richteg schéin Aart a Weis a sengem Film, andeems et pur mënschlech Emotiounen weist, déi d’Viruerteeler iwwerwanne kënnen. De Film gouf schon am Parlament vun Oslo gespillt, mat enger uschléissender Online-Diskussioun mat fënnef weidere Virstellungen an Israel“, sou de Gili Ostfield.

De Film huet beim Doc Miami International Film Festival 2012 den Titel „Bets Contemporary Issue Documentary“ gewonnen. Zu dem Zäitpunkt war en och zum „Best Debut Film Award“ beim Israel Documentary Award nominéiert.

D’Seance ass den 21. November um 20:30 Auer an der Cinématheik (17, Place du Théâtre, Stad Lëtzebuerg). No der Projektioun wäert een Echange mam Bassam a Rami méiglech sinn. Ticketen kënnt dir bei luxembourg-ticket.lu reservéieren.

Related topics Film, Israel, Shelley Hermon, Theaterplaz, Within the Eye of the Storm
Next post Previous post