Search

You may also like

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen
Kultur Neiegkeeten

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen

E Méindeg ass am Wirtschaftsministère de Punkt gemaach ginn, wou

Keng Iwwerraschung bei de Parlamentswahlen a Polen
Kultur Neiegkeeten

Keng Iwwerraschung bei de Parlamentswahlen a Polen

Déi Nationalkonservativ PiS-Partei läit no de Wahlen an de Prognose

What the Fakt – Box erof! Et ass Feierdag!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Box erof! Et ass Feierdag!

Dëst Uso war kee Witz, obwuel een et scho mat

D’Woch vum Natur- a Geopark Mëllerdall

D’Woch vum Natur- a Geopark Mëllerdall

Vum 12. bis den 23. Mee 2021 feiert den Natur- a Geopark Mëllerdall mat engem spannende Programm säi geologescht, natierlecht sou wéi kulturellt Ierwen. Dofir gëtt nawell Ënnerschiddleches ugebueden, – d’Mëschung aus physeschen an digitalen Offeren, wäert fir jiddwereen eppes bereet halen.

Mat dobäi sinn ënnert anerem e Rallye ëm de Champignon zu Noumer, sou wéi d’Ausstellung „Stone Made Objects“ am Iechternacher Trifolion. Dës wäerte bestëmmt grousse Succès hunn!

Des weideren ass et méiglech bei engem Online-Virtrag vu LIST an dem Waasserwirtschaftsamt eppes iwwert Stuerzfluten an Mëllerdall a senger Ëmgéigend ze léieren. Geologiesfrënn wäerten hir Freed hunn.

Och op de soziale Medie wäert e bësse méi lass sinn – dofir suergt d’Facebooksäit sou wéi de YouTube-Channel vum Natur- a Geopark Mëllerdall. Do wäert vill Wëssenswäertes gepost ginn.

De Geo-Rallye fir Naturpiraten

Den Natur- a Geopark Mëllerdall huet an Zesummenaarbecht mat der Elterevereenegung vun der Gemeng Noumer e Rallye fir naturbegeeschtert Kanner organiséiert. Grouss Aufgabe musse geléist ginn, wärenddeem natierlech och spilleresch Wëssen iwwert d’Regioun vermëttelt gëtt.

D'Woch vum Natur- a Geopark Mëllerdall
De Geosite vum Joer © Alan Johnston

Flott ass, datt de Rallye vu 5 km a 14 Statiounen u keng Auerzäit gebonnen ass. Et kann ugefaange ginn, wéini e wëll. Kanner ab 4 Joer kënne mat der Hëllef vun den Elteren an der App „Actionbound“ lassleeën, d’Aufgabe sinn op Lëtzebuergesch. Dës sinn ënnert dem Titel „Naturpiratenrallye“ ze fannen.

Ausstellung „Stone Made Objects“

Am Trifolion an Iechternach gëtt d’Ausstellung „Stone Made Objects“ vum Hateg UNESCO Global Geopark a Rumänien presentéiert. Aus verschidden Objete aus den ënnerschiddleche Geoparke weist sech, wéi dat geologescht Ierwen, d’Kultur, d’Traditioun sou wéi d’Handwierk beaflosst.

D'Woch vum Natur- a Geopark Mëllerdall

Bestaune kann een dobäi natierlech och 11 Objete vum Natur- a Geopark Mëllerdall. Dës goufen vu Gemenge bäigesteiert.

D’Ausstellung ass vum 18. Mee bis den 1. Juni 2021. Se kann Dënschdes an Donneschdes vun 13 bis 18 Auer, an ëmmer 1 Stonn virun de geplangte Veranstaltunge besicht ginn.

Online-Konferenz zu de Stuerzfluten am Mëllerdall a senge Konsequenzen

Am Fréijoer 2016 a 2018 huet staarke Reen sou wéi Stuerzfluten am Mëllerdall fir grousse Schued gesuergt. Ass dat wierklech iwwerraschend komm? Genee dëse Fro gëtt thematiséiert. Tatsächlech gouf et am Joer 1958 schonn eng ähnlech Katastroph, dës weideren ass den Osten an de Lëtzebuerger Chronike fir säin erhéichten Donnerwiederrisiko bekannt, natierlech ass et och hautdesdaags nach net méiglech, d’Wieder genee virauszesoen.

2016 an 2018 hate laang konvektiv Wiederlagen d’Geschéien am Grëff: Bei eisen Nopeschlänner Frankräich an Däitschland ass et an dëse Joren, sou wéi bei eis, zu staarkem Reen an Iwwerschwemmunge komm. Dëst Wieder weist sech an de leschte Jore méi heefeg, déi atmosphärescher Loftfiichtegkeet suergt fir Instabilitéit, et ass allkéiers eng potenziell geféierlech Situatioun. Et gëtt nach keen absolute Schutz – och net mat der Technik sou wéi der Fuerschung vun haut.

Dëse Virtrag gëtt an Zesummenaarbecht mat LIST an dem Waasserwirtschaftsamt ugebueden, den 20. Mee um 19. Auer geet et op der Zoom-Plattform lass. Umelle soll ee sech per Mail iwwert info@naturpark-mellerdall.lu.

Iwwregens huet den Natur- a Geopark Mëllerdall sech als Kandidat fir de Label vun den UNESCO Global Geoparks gemellt. Ëm wat et dobäi geet, gitt Dir op ‘Daumem gedréckt fir den Natur- a Geopark Mëllerdall‘.

Opmaacherfoto: Kollage aus Biller vum NGPM © Natur- a Geopark Mëllerdall

Related topics Champignon zu Noumer, D'Woch vum Natur- a Geopark Mëllerdall, Geo-Rallye, Naturpiraten
Next post Previous post