Euro Space Center: Werft e Bléck op d’Geschicht vum Gagarin
De Juri Gagarin ass zënter 60 Joer an eise Käpp
De Juri Gagarin ass zënter 60 Joer an eise Käpp
E puer Woche virun der Vereedegung vum Joe Biden (D)
Nodeems sech Ankara a Moskau, am Bezuch op eng „Sécherheetszon“
Scho säit geraumer Zäit gëtt d’virtuell Realitéit an 360° Biller a Videoen ëmmer méi zougänglech fir d’Ëffentlechkeet. Esou begleet eis dës Technik schonn deelweis duerch den Alldag. Ee Grond méi fir eis Noperen aus Thionville vum 16. bis den 20. Abrëll eng speziell Woch ze organiséieren, bei der een déi verschidde Forme vum VR kennen- a spiere léiere kann. Donieft kritt een och d’Méiglechkeet den Artisten, Produzenten a Realisateuren seng Froen ze stellen.
Als neit Medium bréngt een déi virtuell Realitéit oft a Verbindung mat Videospiller. Donieft ginn et awer nach vill weider Méiglechkeeten, bei deenen dës eenzegaarteg Technologie zum Asaz kënnt. Souwuel als Quell vun der Innovatioun fir Entreprisen, wéi och kreatiivt Mëttel fir Artisten oder Entdeckungsrees fir de Publique erweist sech dëst Medium als formidabel!
De Programm vun nächster Woch
Weider Informatiounen
Vum 16. bis den 20. Abrëll kann een déi virtuell Realitéit entdecken an un den interaktiven Statiounen deelhuelen. Organiséiert gëtt dës technologesch Woch am Puzzle zu Thionville (1, Place Malraux). Den detailléierte Programm fannt Dir op der offizieler Internetsäit an HEI.