Search

You may also like

EU: d’Reform vun den Autorerechter
Neiegkeeten

EU: d’Reform vun den Autorerechter

D’EU vun den 28 ass um Freideg, trotz der Oppositioun

Prix Servais 2021: D’Short‐Lëscht ass verëffentlecht!
Neiegkeeten

Prix Servais 2021: D’Short‐Lëscht ass verëffentlecht!

D’Fondation Servais wäert och an dësem Joer nees säi beléifte

Geriichtsaffär: Ze séier oder net ze séier?
Neiegkeeten

Geriichtsaffär: Ze séier oder net ze séier?

D‘Hierarchie vun den Normen huet gëschter um Geriicht Zu Lëtzebuerg

Och de Wochemaart feiert seng Rentrée

Um Freideg ass zu Esch Uelzecht eng vun den eelef Rentréeën zelebréiert ginn, déi de Maarteverband all Joer zum Hiechtufank organiséiert. De Wochemaart, e Rendez-vous deen sech d’Gemengemammen a -pappen net entgoe loossen.

Presidentin vum Maarteverband huet dann och op déi fundamental Wäerter vum Wochemaart higewisen. Den héije Qualitéitsuspréch vun de Konsumente gëtt hei, wéi op kaum enger anerer Plaz Rechnung gedroen. Et wier um Maart wou een nach richteg a gutt berode gëtt, well et ëm den Service geet an ee sech nach Zäit hëlt fir dem Client nozelauschteren.

De Wochemaart ass awer och eng Plaz wou ee sech nach gären Zäit hëlt. Et ass déi „kleng Vakanz“ matten an der Woch, do wou et net presséiert och wann d’Wieder sech emol net vu senger gudder Säit wëll weisen. Hei gëtt gepotert, och emol kontrovers diskutéiert, mee ëmmer mam Bewosstsinn mat zwee Féiss am richtege Liewen ze stoen.

D’Buergermeeschtesch vun Esch huet dem Maarteverband dann och verséchert, datt de Wochemaart an der Minettsmetropol hir Plaz huet, och wann et heiansdo wéinst Evenementer (Kiermes/Chrëchtmaart) organisatoresch chaotesch ausgesäit. Un engem kohärente Konzept géif awer geschafft. De Maart zu Esch hätt jo och eng ganz wichteg sozial Roll. E bréngt Mënschen zesummen, en ass intergenerationell.

Datt de Wochemaart och seng Plaz matten an der Gesellschaft huet a brauch, bestätegen d’Clientë grad ewéi d’Maartleit selwer. De Maart ass a bléift den Treffpunkt vun enger Stad. Mat de „jardins éphémères“ an zukünfteg och engem zentralen Treffpunkt, wou ee sech e Moment Zäit op der Bänk kann huelen, fir e Wuert ze schnëssen oder einfach eng Paus anzeleeën, soll den Escher Wochemaart dann och méi attraktiv gestalt ginn.

A wéi flott et um Maart ass oder ka sinn, dat maache mir um Beispill vun der Metzlerei „Beim Burg“ däitlech. De Camille Collé mam sengem „Gesell“ kënnt ewell gutt zéng Joer op Esch. Hie gehéiert zum Bild vum Wochemaart an seng gutt Laun ass kaum ze iwwertreffen. Säi Gesell huet dann och ëmmer eng Spiicht op Lager: „Mir komme just heihinner well mer doheem net gelidde sinn“. Seet dat a laacht sech eng Boss.

De Camille versicht da fir ee ganze Moment säin Eescht erëmzefannen. Fir hien ass de Maart dann och déi besser Plaz fir säi Geschäft ze maachen. D’Ambiance ass eng aner, de Konsument och méi trei. „De Client kënnt bei eis, well hien e bestëmmte Qualitéitsusproch huet, mee och well hien et gären huet esou geholl ze gi wéi en ass“, ënnersträicht de Camille. „Mir lauschteren dem Client no, an op en der 7 oder 77 huet, e Stéck vum Wupp kritt bei eis jidderee“.

Fotosgalerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Esch/Uelzecht, Konsum, Maarteverband, Woochemart
Next post Previous post