Fondatioun August Van Werveke-Hanno: Dräi Studente gi fir hir Leeschtunge belount
D’Fondatioun August Van Werveke-Hanno ënnerstëtzt wärend dem akademesche Joer 2020/2021
D’Fondatioun August Van Werveke-Hanno ënnerstëtzt wärend dem akademesche Joer 2020/2021
An dësem Fréijoer, ginn eng gréisser Unzuel vu bestuete Steierzueler
Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s
Och am Mee kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës Kéier ass et um Projet Woman’s Work, fir um 29. Mee beim Diner-Concert opzetrieden. All leschte Mëttwoch am Mount organiséiert d’Brasserie K116 dëst Evenement, bei dem déi bescht Artisten aus Lëtzebuerg an der Groussregioun de Publikum musikalesch ënnerhalen.
Schonn am vergaangene Joer ware si mat dobäi. Fir ee ganz spezielle Concert kënnt Woman’s Work nees op Lëtzebuerg. Ze gesi gëtt et dat musikalescht Resultat vun zwou Artistinne mat héijem Niveau: D’Silvia Berthold (Gesang) an d’Tanja Silcher (Kontrabass).
De weiblechen Duo interpretéiert däitsch an englesch Titelen nei, woubäi een direkt mat an eng immens perséinlech Atmosphär aus räichen an emotionale Ballade gezu gëtt. Bei hirem musikaleschen Dialog setzen dës Musekerinnen sech keng Grenzen. Sief et ee Singer-Songwriter, ee Pop-Song oder och eng rockesch Ballad, Woman’s Work setzt d’Kläng kreativ zesummen a léist esou d’Häerz vu Musek-Fans méi schnell schloen.
Den Entrée ass gratis. D’Platzen si limitéiert a sou sollt een drun denken, virdrun iwwert Telefon (+352 26 17 59 74) ze reservéieren. Méi dozou gëtt et ënnert www.k116.lu. De ganze Programm fannt Dir HEI. D’Evenement mat allen essentiellen Informatioune fannt Dir iwweregens och op Facebook!