Word in progress – Mam Fabienne Elaine Hollwege, Claudine Muno a Joël Seiller

En Dënschdeg, den 9. November 2021 um 20 Auer am Grousse Sall vun der Kulturfabrik

D’Konzept vun de Word-in-Progress-Owender (kuerz och WIP genannt) kënnt aus Paräis a versprécht frësche Wand an der Zeen vun der lëtzebuergescher Liesebün: en Auteur, verëffentlecht oder net, liest wärend 10 Minutten dem Publikum aus engem Wierk vir, wat grad an der Entstéiung ass.Duerno gëtt zesummen Textkritik geüübt, an de Schrëftsteller stellt sech de Froen aus dem Publikum.

Fir dee Schreiwende stellt dëst ee gudden Test duer, eng Kritik «avant la lettre»; fir d’zukünftegt Lieserschaft eng méiglech Bestätegung, datt ee gudden Text net just an engem Elfebeentiermche räift, ma d’Resultat vun enger Konfrontatioun mam sozialen Ëmfeld ass.

Zum Fabienne Elaine Hollwege

D‘Fabienne Hollwege ass Schauspillerin a Kënschtlerin. No hirem Schauspillstudium zu Hamburg schafft si an diversen Theateren zu Lëtzebuerg an Däitschland wéi och am Filmberäich. Hir éischt Buchverëffentlechung war 2019 mam Jugendbuch „Lucy Love“ (Verlag Kremart). Zënterhir gouf et weider Verëffentlechung vu Gedichter an Texter (ë.a. Cahiers Luxembourgeois 2020/2021).Si schafft zur Zäit un engem interdisziplinäre Buch-Musek-Performance-Projet „to liveheißt leben & Liebe heißt love“, da 2022 am Verlag Binsfeld erschéngen an 2023 seng Premiere am Escher Theater wäert hunn.

Zum Claudine Muno

D’Claudine Muno schafft haaptberufflech als Chargée d’éducation fir Musik a Schreiwen an engem Lycée. Säin éischt Buch The Moon of the Big Winds huet hatt mat 16 Joer geschriwwen. Zënterhier huet hatt haaptsächlech Romaner verëffentlecht, op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, ënner anerem frigo (Prix Servais 2004). Hire virleschte Roman Komm net kräischen krut 2016 de Lëtzebuerger Buchpräis. Sou wéi et net war koum 2019 eraus. Dernieft schreift hatt och Lidder a mécht Musik eleng oder mat verschiddene Bands, wéi The Luna boots oder Monophona.

Zum Joël Seiller

Den Joël Seiller schafft schonn wäit iwwert 20 Joer an der Konscht an Kultur, haaptsächlech als Maquilleur, huet awer och schonn op der Bün gestanen.Hie war jorelaang am Comité vu Maskénada an ass zanter dräi Joer e feste Member vun der Chroniker-Equipe aus der Sendung NO ART ON AIR. Donieft huet de Joël e Blog op Däitsch, dee sech mat de Joren zu engem Tagebuch entwéckelt huet.2016 war hien eng éischte Kéier am Word in Progress mat Texter aus enger semi-fiktiver Familljechronik.

© Kulturfabrik

Dernières nouvelles