Search

You may also like

Streik a Manifestatiounen uechtert d‘Welt fir d‘Rechter vun de Fraen
Kultur Neiegkeeten

Streik a Manifestatiounen uechtert d‘Welt fir d‘Rechter vun de Fraen

Vum Frae-Generalstreik a Spuenien, bis hin zum feminine Marathon an

E Besuch am Foyer Paula Bové vun der FMPO
Kultur Neiegkeeten

E Besuch am Foyer Paula Bové vun der FMPO

Haut de Moien hunn de Premier Xavier Bettel an d’Taina

VAKANZ 2020: Är Invitatioun zur Aventure an Erhuelung!
Kultur Neiegkeeten

VAKANZ 2020: Är Invitatioun zur Aventure an Erhuelung!

Et gëtt nees Zäit fir Vakanz. Ee klenge Virgeschmaach dozou

Word In Progress: Den 10. Mäerz am Bistro Ratelach

Mam Gast Groeber, Joseph Kayser a Jérôme Netgen

Word In Progress: Den 10. Mäerz am Bistro Ratelach

Um kommenden Dënschdeg, den 10. Mäerz invitéiert d’Escher Kulturfabrik op ee weideren Owend am Kader vum Word In Progress. Dës Kéier huet een d’Auteure Gast Groeber, Joseph Kayer a Jérôme Netgen mat dobäi.

D’Konzept vu Word in Progress kënnt aus Paräis a versprécht frësche Wand an d’Zeen vun der Liesbühn ze bréngen. Een Auteur, egal op verëffentlecht oder net, liest wärend 10 Minutten dem Publikum aus sengem Wierk vir, Uschléissend gëtt zesummen Textkritik ausgeüübt an den Auteur stellt sech de Froe vum Publikum.

Fir de Schreiwenden ass dëst Evenement den Testballon, fir déi eventuell Lieserschaft méiglecherweis d’Bestätegung, datt ee gudden Text net ëmmer am Elfebeentuerm zeideg gëtt, mee et ëmmer ee kriteschen, onbedeelegte Bléck braucht. Rendez-Vous ass dofir um 20:00 Auer am Ratelach, den Entrée ass gratis!

Zu den Auteuren

De Gast Groeber ass 2010 fir eng éischt Kéier publizéiert ginn. Seng 6 Bicher hunn et allkéiers opd’Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt, eemol huet hien dee gewonn an eemol krut hien deCoup de cœur vum Jury. 2018 hat hien de MEP’s Prize am EUPL Winners Writing Contest ex-aequomam Jean Back krut.

Verëffentlecht Wierker (Auswiel):

  • All Dag verstoppt en aneren (2013), (Ausgezeechent am Beräich Kuerzgeschichte mam ‘Lëtzebuerger Buchpräis 2014’ an dem ‘European Prize for Litterature 2016’), Op der Lay
  • Weekend mat Bléck op Fräiheet (2015), (Ausgezeechent am Beräich Roman-Shortlist mam ‘Lëtzebuerger Buchpräis), Op der Lay
  • Eng Stad ënnert dem Himme l(2017), (Ausgezeechent am Beräich Kuerzgeschichten-Shortlist mam ‘Lëtzebuerger Buchpräis 2017’), Op der Lay
  • Zweemol schwaarze Kueder (2018), (Ausgezeechent mam ‘Lëtzebuerger Buchpräis, Coup de cœur du jury 2019’)

Word In Progress

Den Auteur Joseph Kayser ass 1964 zu Izeg gebuer, wou hien och seng Kandheet a Jugendzäit verbruecht huet. Zanter 2008 lieft deJoseph Kayser zu Koplescht. Als fräie Mataarbechter schreift a fotograféiert hie Mëtt der 1980er Jore fir d’Lëtzebuerger Press. Hie mécht Iwwersetzunge vu Konschtbicher a schafft och eng Zäit als Rédacteur/Concepteur vu Reklammen. Säin éischt Buch „Prinzessin Charlotte“ verëffentlecht den Auteur2017 bei den Editions Schortgen. Duerno kommen am nämmlechte Verlag déi zwee Titelen „D’Bomi ass dout“ an „De Mann, deen ëmmer laacht“ eraus.

Verëffentlecht Wierker (Auswiel):

  • Prinzessin Charlotte (2017), Editions Schortgen
  • D’Bomi ass dout. Eng Schachnovell (2018), Editions Schortgen
  • De Mann, deen ëmmer laacht (2018), Editions Schortgen

Word In Progress

De Jérôme Netgen gouf 1965 zu Esch-Uelzecht gebuer an huet als éischt emol a Südfrankräich Etüden an der Konscht gemaach. Als Konschtzeechner, Korrekter a Journalist war hien aktiv, ier hien am Kulturjoer 2007 d’Ekipp vun der Kulturfabrik stäerken duerft. De Jérôme schreift op Lëtzebuergesch, Däitsch, heiansdo awer och op Englesch. Donieft ass hien Auteur vun zwee Theaterstécker op Lëtzebuergesch, huet Gedichter fir d’Kölner Parasitenpresse iwwersat an Textbeiträg a verschiddenen Anthologien a Literaturzeietunge publizéiert.

Verëffentlecht Wierker:

  • D’Wollekeniwwer Hawaii (2018), Kremart

Word In Progress

Related topics Auteur, Gast Groeber, Jérôme Netgen, Joseph Kayser, Kulturfabrik, Literatur, Ratelach, tEXT, Word In Progress
Next post Previous post