Search

You may also like

FC Red Star: „Et wier un der Zäit de Wierder och Dote follegen ze loossen“
Neiegkeeten

FC Red Star: „Et wier un der Zäit de Wierder och Dote follegen ze loossen“

De FC Red Star Märel/Belair fuerdert an engem oppene Bréif

A wéi ass et mat der Afrikanescher Schwéngspescht?
Neiegkeeten

A wéi ass et mat der Afrikanescher Schwéngspescht?

Un dësem Donneschdeg, den 10. Oktober huet den Task Force

LOCHNESS – E Lëtzebuerger Auteursverlag an den 1970er Joren
Neiegkeeten

LOCHNESS – E Lëtzebuerger Auteursverlag an den 1970er Joren

Um 18. Juni 2019 stellt d’Fabienne Gilbertz de Verlag Lochness

WORLD CLEANUP DAY – 18. September

WORLD CLEANUP DAY – 18. September

Den nächste Samschdeg fënnt de „World Cleanup Day“ statt. Eng Botzaktioun déi als déi gréisste Mobiliséierung fir d‘Ëmwelt op globalem Niveau ze verstoen ass. Op der ganzer Welt kënnen sech Bierger – ënnert de bestoende sanitäre Reegelen – bedeelegen, an hëllefen dës Welt nees ee Stéck wäit méi propper ze maachen.

An 180 Länner fënnt dës Aktioun statt. Op dausende Sammelplaze soll den Dreck zesummegedroe gedroe ginn. An der Haaptsaach geet et drëms déi „wëll Mülldeponien“ ofzebauen, mee och soss soll dem Dreck op d‘Spréng gehollef ginn. Zu Lëtzebuerg fënnt dës Aktioun och statt, organiséiert gëtt beispillsweis eng grouss Botzaktioun, vum Jugendhaus „Inter-Actions Asbl/Maison des Jeunes Amigo“. Dës Botzaktioun betrëfft d‘Nord-Quartiere vun der Stad.

Vu 14 bis 17 Auer – Jiddereen ass wëllkomm

Inter-Actions Asbl/Maison des Jeunes Amigo hunn de Lavalspark zu Eech (Stavelot Strooss) als Treffpunkt ausgemaach. Hei ginn dann d‘Ekippen zesummegestallt, déi dann definéiert Plazen zougewise kréien, déi et ze botze gëllt. Géint 17 Auer treffen sech dann dës Ekippen nees am Lavalspark fir den Debierfing.

World Clean Up Day

Nach emol: un dëser Aktioun dierf all Mënsch deelhuelen. D‘Dreckstuten an d‘Händche gi vun der Organisatioun gestallt. Et versteet sech, datt d‘Aktioun ënnert dem CovidCheck-Regim stattfënnt. Den Event fënnt an enker Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg statt. D‘Aschreiwung fir de WORLD CLEANUP DAY ass gratis. Déi kann een ënner https://www.billetweb.fr/world-clean-up maachen, oder iwwer eMail un mdjamigo@inter-actions.lu oder iwwert den Telefon 42 17 27…

Related topics Botzaktioun, Inter-Actions Asbl, Maison des Jeunes Amigo, Sponsored Story, Stad Lëtzebuerg, World Cleanup Day
Next post Previous post