Search

You may also like

Covid19-Variante beonrouegen d‘Kanzlerin
International Neiegkeeten

Covid19-Variante beonrouegen d‘Kanzlerin

An enger uniounsinterner Sëtzung huet déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel

Éisträich féiert Maske-Flicht an
International Neiegkeeten

Éisträich féiert Maske-Flicht an

Well ee sech net emol an der europäescher Unioun op

Weltwaasserdag: Méi wäertvoll wéi Pëtrol, méi déidlech wéi Waffen
International Neiegkeeten

Weltwaasserdag: Méi wäertvoll wéi Pëtrol, méi déidlech wéi Waffen

Verschmotzte Waasser a Gebidder wou d‘Waffen den Alldag, an d‘Krisen

Wou ass de béise Jong?

Ofgetaucht, doudkrank oder schonn am siwenten Himmel… D‘Rumeuren drécken sech d‘Klensch an de Grapp

Wou ass de béise Jong?

Zanter enger gewësser Zäit gëtt et nees vill Spekulatiounen iwwert dem Donald Trump sengem Spillkomerod aus Nordkorea. Vun „doudkrank“ bis „bei beschter Gesondheet“, iwwert de Kim Jong-un ginn d‘Gerüchter viral, mee wéi dat esou ass, kee weess näischt Genaues net…

Den Informatiounsstand ass deraart dënn, datt een eigentlech net emol méi vu Berichterstattung an dësem Fall schwätze kann. Kee weess eppes, an alles wat geschriwwe gëtt ass reng Makulatur. Elo ass dat u sech net nei, well zouverlässeg Informatiounen aus Nordkorea si éischter d‘Ausnam wéi dann d‘Reegel. Esou muss ee sech un Unhaltspunkten, orientéiere fir sech e Bild ze maachen.

Hei spillen déi nordkoreanesch Medien eng grouss Roll, déi ëmmer fläisseg beméit sinn, de Kim Jong-un an alle Faarwen a Situatiounen esou duerzestellen, wéi sech dat fir eng Diktatur mat Persounekult och gehéiert. Et vergeet esou kaum en Dag, wou de sprëtzege Kadett net iergend eppes besicht an ageweit huet. Mee zanter geraumer Zäit ass hie vum Bildschierm verschwonnen.

Net matgefeiert

D‘Rumeuren hunn hiren Depart de 15. Abrëll geholl, well de „béise Jong vu Pyongyang“ net un de Feierlechkeeten zu Éiere vu sengem Grousspapp deelgeholl huet. Elo ass dat schonn eppes wat et esou nach net ginn huet, mee eng Ausso iwwert de Gesondheetszoustand vum Kim Jong-un ass dat allerdéngs och net. Also brauch et Experten, déi Erklärungen hunn, déi net novollzu kënne ginn.

An dësem Kontext bezéien sech Medien an hir bockeleg Journalisten op den Avis vun „Experten“, déi ganz am Aklang mat de jeeweilegen editoriale Richtlinnen hir Expertise zur Verfügung stellen. Déi hu sech Videomaterial vun 2018 ugekuckt, an unhand dëse Biller dem Kim Jong-un seng Otemfrequenz „analyséiert“. Dat geléngt kengem Dokter an der Téléconsultatioun, hinnen awer.

Jong

Och eigentlech als „seriéis“ ze bewäerte Medie wéi d‘WELT, sinn sech net ze schued, déi säitens der US-Regierung gestreeten „Zweiwel“ opzegräifen. Hir Bezuchsquell ass keen aneren, wéi den US-President „himself“. Datt dem Donnie seng Aussoen eppes Kredibilitéit vermësse loossen, dat spillt dobäi keng Roll.

Gutt, datt de „Rakéitemann“ aus Nordkorea eppes fettleiweg ass a fëmmt wéi Dabo an elo och net dat ass wat een als Gesondheetsfërderend ka bezeechnen. Vun do aus drop ze schléissen, datt et him „schlecht“ geet, kann eenzeg an eleng politescht motivéiert sinn. Mee de Kierperëmfang a soss ee Verhalen, sinn net déi eenzeg Bezuchsquelle fir spekulative Journalismus. D‘Leit brauche Biller.

A wann ee kee Bild huet wou den Diktator um Stierfbett läit, da freet ee bei den Amerikaner no – wann déi se net bereetwëlleg verstreet hunn – op si Satellittebiller hunn, déi Äntwerte kéinten enthalen. Op engem vun dëse Biller ass dem béise Jong säin Zuch ze gesinn, wéi dësen zu Wonson „geparkt“ ass. Dee soll Opschloss iwwert den Openthaltsuert vum Kim Jong-un ginn?

Net déi éischte Kéier

Interessant och, datt besonnesch déi „systemrelevant“ Medien sech gären op d‘Aussoe vu de ville geflüchten Nordkoreaner stäipen. Elo ass et allerdéngs esou, datt vun de ronn 33.000 Flüchtlingen, déi den Ament a Südkorea sinn, keng 5% aus der Haaptstad kommen. Hir Aussoen zur Lag an der Haaptstad also faktesch och reng Spekulatioun. Och dës Mënsche wëssen absolut guer näischt.

Zum Beweis: de fréieren nordkoreaneschen Diplomat zu London, Thae Yong-ho, e sougenannten Iwwerleefer, mat Verbindungen zum „inner circle“, konnt belaaschtbar Informatioune virleeën. An de Kärel hat sech schonn emol verfuusst. 2014 war de Kim Jong-un 40 Deeg verschwonnen, an ass uschléissend nees Opgetaucht. Dofir: bis Staatstrauer an Nordkorea ausgeruff gëtt, ass en net Dout.

mat indymedia/sel/sfo/lon/ber

Foto: Et gëtt sécherlech vill gutt Grënn, firwat gewësse Medien de Kim Jong-un als „zumindest doudkrank“ verklären. Si stäipen sech op „Experten“ a „Geheimdéngschtinformatiounen“ (déi natierlech net kënne virgeluecht ginn) a streeë Rumeuren. © KCNA

Related topics Kim Jong-Un, Nordkorea, Propaganda, Pyongyang, Rumeuren
Next post Previous post