Search

You may also like

Beim LCGB ass een vun der EIB „eppes“ enttäuscht (Kommentar)
Neiegkeeten

Beim LCGB ass een vun der EIB „eppes“ enttäuscht (Kommentar)

Zanter Januar ass gewosst, datt déi Europäesch Investitiounsbank (EIB) muss

D’ULC zum Stornéiere vun Auslandsreesen a Vakanzen
Neiegkeeten

D’ULC zum Stornéiere vun Auslandsreesen a Vakanzen

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz ULC erënnert Verbraucher dorunner, datt all nëtzlech

Den David Gavroy gëtt neien Patron vun Yellow.lu
Neiegkeeten

Den David Gavroy gëtt neien Patron vun Yellow.lu

No 12 Joer Aktivitéit kritt d’Entreprise Linc SA, wou Yellow.lu

Wou ass de Goss?

Bei der CNS sinn 2 Milliounen Euro a falsch Hänn geroden, elo goufe 4 Persoune verhaft

Wou ass de Goss?

Enn Januar huet déi national Gesondheetskeess (CNS) misse feststellen, datt et e „Problem“ mam System vum internationale Remboursement ginn huet, wat et erméiglecht huet, datt eng Employée mat e puer Männer aus hirem sozialen Ëmfeld, ronn 2 Milliounen „ëmleede“ konnt…

Fir d‘Employée vun 52 Joer, déi zanter d‘Saach opgeflunn ass suspendéiert gouf, an dräi Männer aus hirem Entourage, ass d‘Woch zimlech abrupt op en Enn gaangen. Déi presuméiert Brigange sinn um Freideg Mueren, op Uerder vum Parquet verhaft a sinn an Untersuchungshaft geholl ginn. Am Communiqué geet de Parquet op déi 2 Instruktiounen an déi an dëser Affär ugeuerdent goufen.

Esou hunn d‘Ermëttler vun der Police, op Uerder vum Untersuchungsriichter, den 8. an 9. Juli an de Wunnenge vun de Beschëllegten zu Ettelbréck a Fenteng perquisitionnéiert an do och direkt déi 4 Persoune „matgeholl“. Déi si vum Untersuchungsriichter wéinst Déifstall a Bedruch zum Nodeel vun der CNS ugeklot ginn. Si maachen elo zu Schraasseg eng Paus, d‘Enquête déi leeft weider…

Related topics Bedruch, CNS, Déifstall, Gesondheetskeess, Untersuchungshaft
Next post Previous post