Search

You may also like

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!
Meenung Neiegkeeten

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!

[onionbuzz quiz-id=179][/onionbuzz] De Präteritum ass eng Raritéit: Just nach eng

Art Confessions – En neie Kënschtlerkollektiv an hir éischt Expo an dëser Form
Meenung Neiegkeeten

Art Confessions – En neie Kënschtlerkollektiv an hir éischt Expo an dëser Form

Et sinn d’Spontanitéit, urban Zeenen an aussergewéinlech Perspektiven, déi beim

Rotondes: Den offizielle Programm vun Enn August
Meenung Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm vun Enn August

Mat spektakulären Evenementer an de verschiddene Beräicher vu Kultur, Musek

Editorial: Wou ass de Problem?

Editorial: Wou ass de Problem?

Gëschter ass um Stater Geriicht de Prozess géint de Gonnerenger Hausdokter Benoît Ochs lancéiert ginn. Dem Medezinner – dee wärend der Pandemie honnerte Leit betreit a behandelt huet – gëtt hei Virgeworf, seng Patienten entgéint dem Protokoll vun der Gesondheetsdirektioun an dëser jo awer schwiereger Zäit begleet ze hunn. Op nei-lëtzebuergesch nennt sech dat dann “off-label-treatment“.

Esou soll den Dokter seng Patienten empfaangen hunn, also och därer mat Covid19-Symptomer, obwuel et geheescht huet, datt een dat ze ënnerloossen an emol 14 Deeg sollt doheem bleiwen. Vill vum Dr. Benoît Ochs senge Kolleegen hunn dëse Protokoll strikt agehalen, hien awer konnt seng Leit net am Stach loossen. Et geet et ee jo net aus Dommheet oder Langweil bei säin Dokter.

Weider heescht et datt de Medeziner soll – trotz de Bedenke vum medezinnesche Kolléisch – seng Covid19-Patiente mam nach ëmmer ëmstriddene Medikament „Hydroxychloroquine“ behandelt hunn. Am Frankräich hat et och zolidd, mee bedenklech Aktioune géint de Prof. Dr. Didier Raoult ginn, ee bis dohinner renomméierten Infektiolog, deen och nach mat Azithromycine behandelt huet.

Elo ass et net déi éischte Kéier, dat d‘Uwennung vu Medikamenter, déi eigentlech fir eng bestëmmt Pathologie geduecht sinn, vu Medeziner „anescht“ agesat ginn. Dat ass meeschtens dann de Fall, wann eng Krankheet entweder guer net bekannt ass, oder esou seele virkënnt, datt kee Geld an d‘Erfuerschung vun engem Medikament/Traitement investéiert gëtt. Dat war mam Covid19 de Fall.

Wann ee sécherlech stonnelaang iwwert den Asaz vun de genannte Medikamenter streide kann, esou sollt hei net aus den Ae verléiere, datt et dem Dokter säi Job ass, seng Patienten no beschtem Wëssen a Gewëssen ze behandelen. Näischt anescht, esou déi iwwer honnert Sympathisante vum Dr Benoît Ochs, hätt den Dokter gemaach. Keen huet sech beschwéiert, de Géigendeel ass de Fall.

Stellt sech dann d‘Fro: „Wou sinn déi geschiedegt Mënschen?“. Déi huet de facto net, all Patient ass gesond a monter… Dat ass dann awer och net d‘Fro mat där sech d‘Justiz ze ploen huet. Et geet hei drëms ze klären, op den Hausdokter géint Reegelen a Gesetzer verstouss huet. Dat kann duerchaus de Fall sinn, woubäi nach emol: d‘Situatioun war besonnesch, an Äntwerten hat jo och keen.

Richteg ass och, datt den Dr. Ochs eng eppes eege Meenung géintiwwer de Vaccine huet. Woubäi de Mann a gudder Gesellschaft ass. Et huet mëttlerweil esouvill kontradiktoresch Informatiounen, datt engem den Duerchbléck verluer geet. Déi politesch Kakophonie, an den „indirekten“ Zwang zur Impfung sinn zudeem keng vertrauensbildend Moossnamen, mee drängen de Leit Zweiwel op.

Wann een de Leit de Choix léist, sollt een se net duerch d‘Hannerdier mat onlautere Methoden ëmzestëmme versichen. Datt den Dokter hei op de Support vu senge Patienten an anere Mënschen ziele kann, ass eng gutt Saach an et dierf ee gespaant ginn, wéi d‘Riichter an dëser Saach wäerten urteelen. Mir géifen eis freeën, wann d‘Patienten hiren Hausdokter jiddefalls kéinte behalen…

Foto: Wäit iwwer honnert Sympathisanten haten sech um Parvis vun der Cité Judiciaire afonnt fir dem Dr. Benoît Ochs Bäistand ze leeschten. Eng gutt Aktioun, där hire Sënn hoffentlech vun der Justiz verstane gëtt. © Martine de Lagardère / moien.lu

Annex: Wien sech ee Bild vum Dr. Benoît Ochs maache wëll, kann dat dank dem Interview op Bastv.lu gäre maachen. Wéi gesot et muss een net mat allem averstane sinn, mee d‘Siicht vun den anere respektéieren, fërdert den Dialog

Related topics Benoît Ochs, Hydroxychloroquine, Justiz, Medeziner, off-label-treatment, Pandemie
Next post Previous post