Search

You may also like

Amerika am Ausnamezoustand
International Neiegkeeten

Amerika am Ausnamezoustand

Déi aner Säit vum grousse Pull, deem Land wou d‘Recht

LSAP: Zesumme staark duerch Sammelkloen
International Neiegkeeten

LSAP: Zesumme staark duerch Sammelkloen

Verbraucher zu Lëtzebuerg sollen an Zukunft d’Méiglechkeet kréien, zesumme Kloen

Kennt dir scho Radio Péiteng?
International Neiegkeeten

Kennt dir scho Radio Péiteng?

De Lëtzebuerger Sender vu Radio Péiteng, deen op der Frequenz

Wou ee Wëllen ass, do ass och e Wee

Bis zu 5.000 Flüchtlingen erreechen déi spuenesch Exklav Ceuta, andeems si dohinner schwammen

Wou ee Wëllen ass, do ass och e Wee

Déi spuenesch Enklav an Nordafrika ass Europa, an Europa ass d‘Zill vun dëse ronn 5.000 Mënsche wou, dem Misär an dem Krich entfléie wëllen. Ee Misär a Konflikter un deenen Europa ee groussen Undeel huet.

Esou wéi et sech presentéiert, ass de Grupp Mënschen, zu deem eng 1.500 Mannerjäreger gezielt goufen, vun der marokkanescher Küstestad Fnideq déi gutt 2 Kilometer bis Ceuta geschwommen. Heibäi soll et och Verloschter ginn hunn, konkret Informatiounen zu méiglechen Affer huet et bis ewell weder vun de spueneschen nach de marokkaneschen Autoritéite ginn.

Ceuta

Marokkanesch Medien hu bericht, datt mindestens 1 Persoun erdronk wier, an datt vill Migranten et och iwwert de Strand bei Niddregwaasser versicht hätten. Fir Ceuta ass den Ustuerm schonn eng kleng Katastroph. Zu Ceuta wunnen eng 85.000 Mënschen an d‘Opfanglager fir d‘Flüchtlingen ass generell iwwerbeluecht. Dat féiert derzou, datt d‘Migranten duerch d‘Enklav marodéieren.

Als éischt Mesure, huet Madrid d‘Marine an d‘Arméi vun der Militärbasis zu Ceuta ugewisen, de lokalen Autoritéite logistesch bäizestoen. De Schutz ronderëm déi militäresch Ariichtunge goufen nach emol verstäerkt an et solle bis zu 200 Polizisten an d‘Enklav entsandt ginn. Zu Madrid ass een net begeeschtert, an et gouf eng Enquête ugeuerdent déi Opschloss soll ginn, wéi dat méiglech ass.

Ceuta

Ee Grond, kéint sech op politeschem Level fanne loossen. Spuenien huet – aus humanitäre Grënn – dem Leader vun der marokkanescher Onofhängegkeetsbeweegung Polisario, Brahim Ghali, erméiglecht sech medezinesch behandelen ze loossen. Dar huet een am Kinnekräich net gäre gesinn an zu Rabat huet d‘Regierung zuweile ganz droleg Afäll, wann et drëms geet reaktiv ze sinn.

Op een elo d‘Aussetze vun de Grenzkontrollen am direkten Ëmfeld vun der Enklav, als eng probat Äntwert op en diplomateschen Dissens bewäerte muss? Dat jiddefalls dierft esou engersäits vun der spuenescher Regierung, a wuel och vun der EU net onbeäntwert bleiwen. Zudeem stellt sech jo elo déi kruzial Fro: „Wouhinner mat all dëse Leit?“. A bei der Frontex dierft et och oppe Froen hunn.

mat indymedia/mad

Bild: Op der Balkan-Route an och a Libyen léisst Europa se mësshandelen. Am Mëttelmier begeet Frontex Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet. Wien et an een Opfanglager packt, léisst d‘Politik vun de „Wäerter“ zu Bréissel verkommen. An awer ginn se keng Rou a versiche bei eis ze kommen. Et wier wuel ubruecht, d‘Erfolleger vun der Ofschreckungspolitik nach emol op de Leescht ze huelen. (CC BY-SA 2.0)

Related topics Asylpolitik, Enklav, Flüchtlingen, Frontex, Marokko, Nordafrika, Polisario, Spuenien
Next post Previous post