Search

You may also like

Koalitiounspoker op italienesch
Neiegkeeten

Koalitiounspoker op italienesch

Nodeems et zu Roum bei de Verhandlungen tëscht dem Movimento

Déi tschechesch Kommuniste wëllen de Kierchen Steieren operleeën
Neiegkeeten

Déi tschechesch Kommuniste wëllen de Kierchen Steieren operleeën

D‘Kierchen an der tschechescher Republik si revoltéiert, well déi kommunistesch

„We Ride“: Du brauchs e Vëlo oder e Skateboard? Da bass de hei richteg
Neiegkeeten

„We Ride“: Du brauchs e Vëlo oder e Skateboard? Da bass de hei richteg

E Vëlo oder e gutt „Briet“ kann engem schonn en

Wou Héichspannung eng ganz Regioun elektriséiert

Am Uelzechtdall soll eng Héichspannungsleitung opgeriicht ginn an dat suergt fir eppes Gestreits

Wou Héichspannung eng ganz Regioun elektriséiert

D‘Stëmmung am Uelzechtdall ass eppes ugespaant an de Grond einfach: vun Heeschdref aus soll eng Héichspannungsleitung bis op Bartreng „gezu“ ginn. De Mouvement Ecologique (MECO) huet eng eege Meenung dozou, och politesch Gemengenacteuren droen hire Pefferkär bäi an de Minister fir Energie huet schrëftlech misse Stellung huelen. D‘Creos bleift cool a kuckt deem Ganzen no…

Woubäi „cool“ hei éischter eng schlecht Wuertwiel ass, well streng geholl wollt d‘Creos iwwert de Projet am Verlaf vum Ausbau reegelméisseg informéieren. Dat wier och am Kontext vum Bau vun enger 300 Kv/Leitung déi besser Strategie, mee si hunn sech entscheet d‘Covid19-Pandemie als Excuse ze notzen, fir d‘Kommunikatioun auszesetzen. Eréischt zur Rentrée soll et „Neies“ ginn.

Eppes Versteesdemech muss een hei dann awer der Creos entgéintbréngen. D‘Etüd zum Impakt op d‘Ëmwelt huet nach net ugefaangen a folgerichteg gëtt et och nach keen definitiven Tracé fir dës Héichspannungsleitung. Wann et awer esou an der Bevëlkerung ramouert, d‘Politik an Acteure vun der Zivilgesellschaft op d‘Barrikade ginn, ass ee gutt beroden sech engem Gespréich unzehuelen.

Laut dem Alex Michels vum Service „Infrastrukturen“ bei der Creos, wier den Ament net emol ofschléissend gekläert op d‘Leitung uewer- oder ënnerierdesch soll verlafen. Dës Entscheedung wier vun der Impaktstudie ofhängeg. Datt dës Decisioun awer och vu wirtschaftleche Facteuren ofhänkt, gouf esou net gesot. Eng verfeelt Kommunikatiounsstrategie féiert esou an de Chaos…

Wichteg fir déi wirtschaftlech Entwécklung

Elo ass et allerdéngs och esou, datt en Ausbau vum Stroumnetz wierklech noutwenneg ass. An engem Bericht vun 2018 war rieds, datt de Reseau op bis zu 80% ausgelaascht ass, an de Fall gesat de Google-Datenzenter zu Biissen géif tatsächlech gebaut, wier dëse spéitstens 2025 iwwerlaascht. Ouni dëse „geheime“ Regierungsprojet kéim et trotzdem bis 2029/29 zu Netziwwerlaaschtung.

Wann een also den Ausbau wéilt verhënneren, misst een de Leit awer och emol erklären, datt si elo scho sollten ufänken, hire Stroumverbrauch massiv ze reduzéieren. An Entreprise besteet dofir ee wirtschaftlechen Interêt, firwat déi dat och ouni grouss Opfuerderung längst an Ugrëff geholl hunn. An da sollen oder wëllen d‘Mënsche jo och ëmmer méi Elektromobilitéit notzen.

Dat hënnert de Mouvement Ecologique net dorunner dem Energieminister Claude Turmes (déi gréng) e Bréif ze schreiwen, an deem dësen opgefuerdert gëtt Verantwortung ze iwwerhuelen. Hei géif eng ganz Landschaft verschandelt, wichteg landwirtschaftlech Fläche verluer an d‘Bierger op d‘Palm gedriwwe ginn. De MECO, verlaangt dann elo net manner wéi eng Stellungnam.

An de Minister, deen iert hie Regierungsmember gouf, sech éischter als „Partner“ vum MECO presentéiert huet, huet seng Servicer ugewisen op de Bréif vum Mouvement ze äntweren. An dësem Communiqué heescht dann och, datt de Minister vun der Creos informéiert gi wier an d‘Analysen, déi zur Ausaarbechtung vum Projet gefouert um „Scenario Report 2040“ vun 2018 fundéieren.

Illustratioun: © Ben Hershey / unsplash

Related topics Claude Turmes, CREOS, Energieminister, Héichspannung, Héichspannungsleitungen, Mouvement Ecologique, Uelzechtdall
Next post Previous post