Search

You may also like

Den ACL kënnt de Mënsche mat reduzéierter Mobilitéit entgéint
International Neiegkeeten

Den ACL kënnt de Mënsche mat reduzéierter Mobilitéit entgéint

Den Automobilclub zu Lëtzebuerg ass innovativ a fortschrëttlech. Mat engem

Iwwert d’Grenz gekuckt: D’Gastronomie wärend dem Deconfinement
International Neiegkeeten

Iwwert d’Grenz gekuckt: D’Gastronomie wärend dem Deconfinement

D’Grenzen zu Däitschland sinn nees op an esou ass een

Däitschland: Sexuelle Mëssbrauch am Bistum Limburg
International Neiegkeeten

Däitschland: Sexuelle Mëssbrauch am Bistum Limburg

Iwwer zéng Méint laang haten sech eng 70 Experte mam

Wou kee Wëllen ass, ass och kee Wee

Regierungsbildung an Israel ënnerbrach, nodeem de Benny Gantz d‘Gespréicher ofgebrach huet

Wou kee Wëllen ass, ass och kee Wee

Dat blo-wäisst Bündnis vum ex Generol Benny Gantz huet d‘Gespréicher zur Schafung vun enger „israelescher Eenheetsregierung“ mat der Likud-Partei vum Benjamin „Bibi“ Netanyahu ofgesot. Deen dierf sech dann och haut endlech zu de Korruptiounsvirwërf äusseren.

Fir Kahol Lavan si Gespréicher mat der rietskonservativer Likud aktuell net ubruecht. Et géif esou wéi sech d‘Situatioun duerstellt, den Ament absolut keng Viraussetzungen déi Verhandlunge mat der Likud géifen zouloossen, heescht aus dem Lager vum Benny Gantz, deem seng Allianz zudeem d‘Parlamentswahlen (wuel ganz ganz knapp) gewonnen huet an de Ministerpresident stelle wëll.

D‘Gespréicher ware schonn e Sonndeg ausgesat ginn, sollten haut awer nees opgeholl ginn. Domat huet blo-wäiss dem Staatschef Reuven Rivlin eppes den „Dicks gebéit“ nodeems dësen, op Empfeelung vun Deputéierten dem Benjamin Netanyahu den Optrag zur Regierungsbildung erdeelt huet. Deen hätt dann och eigentlech bis den 23. Oktober Zäit dat iwwert d‘Bühn ze bréngen.

Wou

An et geet fir de „Bibi“ ëm immens vill, wat erkläert datt et vill Beméiunge gëtt, hien nees zum Ministerpresident ze maachen. Him gëtt vill kriminell Energie ënnerstallt an déi him gemaachte Korruptiounsvirwërf fundéieren op gutt zortéierte Fakten, an haut ginn d‘Unhéierungen am Prozess géint de Benjamin Netanyahu un. Hie geet net dohin, a léisst sech vu sengem Affekot vertrieden.

Dem Netanyahu gëtt virgeworf: Bestiechlechkeet. Verontreiung a Bedruch. An den dräi Fäll déi virleien, geet et ëm de Verdacht vun der Beaflossung vu Medien an deiere Kaddoe fir knuddeleg Milliardären. Dat wier, esou de beschëllegten alles komplette Blödsinn a mat den Hoer erbäigezunn. An hie mécht dann och beleidegt een op US-President a verkläert dat Ganzt als Hexejuegd

mat indymedia/tlv

Related topics Benjamin Netanyahu, Benny Gantz, Israel, Regierungsbildung
Next post Previous post