Search

You may also like

Spekulatioune ronderëm de Wirtschaftsminister
Neiegkeeten

Spekulatioune ronderëm de Wirtschaftsminister

Nach ass den Etienne Schneider am Amt, mee de 4.

ACL-Sport: Grouss Gala fir d‘Laureate vum Automobilsport
Neiegkeeten

ACL-Sport: Grouss Gala fir d‘Laureate vum Automobilsport

Am Munnerefer Casino huet um Samschdeg Bensin an der Loft

Fashion Revolution Week 2019 – nach bis den 28. Abrëll!
Neiegkeeten

Fashion Revolution Week 2019 – nach bis den 28. Abrëll!

Dës weltwäit Campagne jäizt no enger fairer, sécherer a méi

Wou si mer dru mat der „Häerden-Immunitéit“?

Bis Juli, esou d‘Gesondheetsministesch, sollte 70% vun de Residenten iwwer 18 Joer geimpft sinn

Wou si mer dru mat der „Häerden-Immunitéit“?

Ronn 210.000 Leit am Land hunn mindestens eng Dosis vum Covid19-Vaccin erhalen. Dat wier da wuel en Drëttel vun der Populatioun, eppes méi wann een déi ënner 18 ausschléisst. 14% vun de Bierger wiere scho gänzlech geimpft, an et huet den Uschäin, wéi wann se decidéiert wieren dëse Rhythmus bäizebehalen.

Um Dënschdeg ass jo och den Impfzenter an der LuxExpo (Kierchbierg) opgaangen. Dësen Zenter soll d‘Impfkapassitéiten op 95.000/Woch erhéijen. Et huet awer schonn en Hoken: d‘Livraisoun vu Vaccine kënnt net no. Déi aner Woch ass d‘LuxExpo dann och „en Attente“, erkläert d‘Paulette Lenert. Si weist awer drop hinn, datt bis Enn Juni iwwer 300.000 Residente sollte geimpft sinn.

Wann sech also d‘Rechnung vum Gesondheetsministère opgeet, kéint bis Enn Juni 77% vun de Leit iwwer 18 Joer am Land geimpft sinn. Sécher et huet wéinst de bekannte „Problemer“ mam Vaccin vun AstraZeneca (Vaxzevria) ee puer Onsécherheeten, mee déi schéngt ee kënnen auszegläichen.

Interessant och d‘Informatioun, datt sech ronn 23.000 Leit ageschriwwen hunn fir déi sougenannt residuell Dosen ze ergatteren. Dëse System konnt bis ewell awer just 52 mol aktivéiert ginn. U sech eng gutt Nouvelle, well dat bedeit, datt d‘Leit hir Invitatioune behäerzegen, mee wuel och eppes frustréierend fir d‘Demandeuren. Allgemeng awer schéngen d‘Mënschen d‘Niewewierkungen net an deem Mooss ze befierchten, wéi dat an de Posts op de sozialen Netzwierker ze liese war.

De Santé-Direkter Dr. Jean-Claude Schmit hält fest, datt tëscht dem 28. Dezember 2020 an dem 14. Mee 2021 bei 191.800 Mënschen, an 1.335 Fäll onerwënscht Niewewierkungen opgetruede sinn. Dat wier en Taux vun 0,7%. Bei 1.174 vun dëse „Fäll“ war alles éischter harmlos. Et gouf sech hei virun allem iwwer Middegkeet, Féiwer, Gläichgewiichtsstéierungen a Peng am Aarm beklot.

Bei 181 Fäll ass rieds vun enger medezinnesch relevanter Niewewierkung. An 138 Fäll huet ee kuerze Krankeschäi gebraucht, a 34 Fäll war eng Hospitalisatioun noutwenneg. Hei waren et Häerzkreeslafstéierungen déi den Doktere Suerge gemaach hunn. Eng direkt „Cause à Effet“ mam Vaccin konnt awer och weiderhin a kengem Fall nogewise ginn. Dat ass esou och de Fall bei de siwe verdächtege Stierffäll, déi no der Impfung opgetruede sinn, seet den Dr. Jean-Claude Schmit.

Illustratioun: © Spencer Davis / unsplash

Related topics Covid19, Gesondheetsministère, Häerden-Immunitéit, Impfstrategie, Paulette Lenert
Next post Previous post