Search

You may also like

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster
International Neiegkeeten

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster

Den 21. Juni gouf vun de Vereenten Natiounen (UN) zum

Trump jot FBI-Chef Comey bei der Däiwel
International Neiegkeeten

Trump jot FBI-Chef Comey bei der Däiwel

Den amerikanesche President suergt op ee neits fir gelleg Opreegung,

Groussherzoglech Famill trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame
International Neiegkeeten

Groussherzoglech Famill trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

An engem Telegramm un de franséische President Emmanuel Macron, hunn

Wouhinner fir d‘Schivakanz?

Wouhinner fir d‘Schivakanz?

Wärend déi Lëtzebuerger Politik sech iwwer d‘Koherenz bei de Covid19-Mesure streit an d‘Leit sech ëmmer méi schwéier dinn ze verstoen, wat eigentlech gemengt ass a firwat, kréie vill Leit Wantergefiller. D‘Schier, Snowboarden a waarmt Gezei ginn aus der Versenkung ervirgeholl. Et kéint jo sinn, datt eng Schivakanz méiglech ass. Am Summer war Vakanz jo och méiglech…

Gutt, et wäert wuel nees esou sinn, datt mir verwinnte Lëtzebuerger (also all déi wou hei wunnen a Schaffen) esouwuel déi noutwenneg Zäit wéi och de finanzielle Spillraum hunn, eis och dat nees ze leeschten. Stellt sech d‘Fro: wouhinner? Fir dës Schi-Saison geet et sech net duer der Katalog an d‘Kreditkaart an de Grapp ze huelen. Als éischt muss ee sech emol ëmhéiere wat wou wéi leeft.

Bei den Italiener ass een der Meenung – ëmmer bezunn op déi sanitär Situatioun – datt een wuel gutt berode wier bis dat aner Joer ze waarden. Eng Ausso déi an deenen aneren Alpelänner awer guer net gutt ukomm ass. D‘Schigebidder bis den 10. Januar zouzeloossen, esou wéi dat vum italienesche Ministerpresident Giuseppe Conte prekoniséiert gëtt, ass net esou wierklech erwënscht.

An der EU gëtt jo ëmmer d‘Solidaritéit, d‘Zesummenaarbecht an spréchwiertleche Konsens ënner Partner héichgehalen. Eigentlech dat eenzegt op wat ee sech ëmmer verloosse kann: zesumme gëtt gekuckt wat ee wéi maache wëll, dat gëtt sech ofgestëmmt a schliisslech mat vereente Kräften dat Ganzt zum Erfolleg bruecht. Verständlech datt Italien seng Partner zur Kooperatioun opgeruff huet.

Et geet och ëm Geld

Fir den Italiener, dee wuel net de gréisste Wantersportler viru Gott ass, sollten sech d‘Partner aus den Alpelänner op eng Aart Fuerplang verstännegen. De Giuseppe Conte well zesumme mat der däitscher Bundeskanzlerin – d‘Angela Merkel ass eng héich erfuere Schilaangleeferin – an dem franséische President Emmanuel Macron d‘Ouverture vun der Saison op no den 10. Januar leeën.

Dat sinn natierlech d‘Alpelänner net all. Mee sech mat den Éisträicher eenegen ass éischter net esou einfach. De Skandal vun Ischgl ass längst vergiess, d‘Sechswochemass fir d‘Affer scho Geschicht. An Éisträich ass Wantersport méi wichteg wéi Famill an/oder Sex, an zanter Méint gëtt sech hei op d‘Saison virbereet. Et wier alles gemaach ginn, d‘Saison 2020/21 Covid19-Sécher ze maachen.

Verständlech deemno, datt se zu Wien net esou glécklech mam italienesche Virstouss sinn. A wann de Finanzminister Gernot Blümel dem Trio am allerléifste wéilt op den Dësch sch… esou muss een an der EU jo net zwéngend de Batti markéieren. Dës Attributer notze grad d‘Polen an d‘Ungarn, an den Éisträicher well dësen d‘Show net streideg maachen. Rosen an enttäuscht ass hien dann awer.

Esou stellt den éisträichesche Finanzminister fest: „d‘Propos vun den Italiener bedeit fir Éisträich en Ausfall vun 800 Millioune pro Woch“. Domadder ass d‘Kaz aus dem Sak, an eigentlech kéint een elo frech behaapten, et ass dem Blümel ni ëm de Wantersport, mee eenzeg an eleng ëm de Goss gaangen. Dat wier dann och net emol esou falsch, woubäi déi 800 Milliounen Euro… mee bon.

Et gëtt kee gefrot

Fir Éisträich gëtt et dann och nëmmen een eenzegt Argument, dat si derzou beweege kéint – an da muss de Secteur dat och nach wëllen – sech der italienescher Propos unzehuelen: Wa Bréissel well d‘Saison op no d‘Chrëschtvakanz verleeën, dat brauch et fir Éisträich Entschiedegungen. Geduecht gëtt u „Milliarden“. Dat beweist androcksvoll: Geld steet iwwert der Würd an der Gesondheet.

Mee d‘Fuerderung no engem „Schifuerausfallersatz“ kann de Gernot Blümel natierlech ganz gutt rechtfäerdegen: „Mir hunn an Éisträich fir all d‘Beräicher déi mir verwaltungstechnesch hu missen zoumaachen, a kierzester Zäit Entschiedegunge fir den Ëmsazverloscht op d‘Bee gestallt. Hei sinn net mir et als Regierung, déi d‘Fermeture fuerderen. Et ass also och net un eis dofir ze bezuelen“.

Kann een esou gëlle loossen, an eigentlech sollen si maache wéi si et fir richteg halen. Éisträich, ee Land deem seng Solidaritéit a politesch Kooperatioun éischter op „Orban-Niveau“ geleeën ass, huet schonn eppes Drock, well den Tourismus stellt ne manner wéi ronn 15% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) duer. A wann net grad ee Weltkrich oder eng Seech ass, komme 60 Milliounen Touristen…

Op et dann elo finalement kann zu engem Konsens iwwert d‘Saison-Erëffnung kommen, dat wäert sech séier erginn. Eng europawäit a koordinéiert Schléissung vun de Schipiste bannent der EU wier scho sënnvoll a kéint zumindest fir en Ament den Androck entstoe loossen, dat mir eng „Unioun“ sinn. Dem Lëtzebuerger ass et egal, zur Nout fiert deen an d‘Schwäiz oder an d‘Dolomitten…

Illustratioun: Eigentlech sollt ee mam Aarsch doheem bleiwen a méiglechst kengem anere Mënsch, egal wéi gären een dësen huet, ze no kommen. Mee et geet op Chrëschtdag zou an et steet jo awer traditionell d‘Schivakanz och elo virun der Dier. A wann engem Doheem souwisou alles wat Spaass mécht verbuede gëtt, sollt ee sech anerwäerts no Besserem ëmkucken. © Harrison Moore / unsplash

Related topics CancelHoliday, Däitschland, Éisträich, Frankräich, Italien, Schi-Saison, Schivakanz, Schwäiz
Next post Previous post