Search

You may also like

Sommet zur Finanzéierung vun den afrikanesche Wirtschaften
International Neiegkeeten

Sommet zur Finanzéierung vun den afrikanesche Wirtschaften

Iwwer 40 Natiounen hunn um Sommet iwwert déi dramatesch finanziell

Nei an eenheetlech Kennzeechnunge vun nationalen Naturschutzgebidder
International Neiegkeeten

Nei an eenheetlech Kennzeechnunge vun nationalen Naturschutzgebidder

D’Ausweidung vun den Naturschutzgebidder ass eent vun de wichtegsten Instrumenter

En neie Stroossebelag fir d’Rue Demy Schlechter (29.-31.08.2020)
International Neiegkeeten

En neie Stroossebelag fir d’Rue Demy Schlechter (29.-31.08.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt vun e Samschdeg, den 29. August

Wouhinner steiert Latäinamerika?

Kolumbien zitt no massive Protester ëmstridde Steierreform, am El Salvador ass vu Putsch rieds

Wouhinner steiert Latäinamerika?

No deeglaange Protester mat vill Gewalt a Blesséierten, géint eng héchst ëmstridde Steierreform, huet déi kolumbianesch Regierung d‘Initiativ zeréckgezunn. Och den El Salvador erlieft grad eppes onroueg Zäiten. Do gëtt vun engem Staatsstreech geschwat, nodeems d‘Regierung déi iewescht Justizgremien ofgesat huet.

A Kolumbien hunn Demonstrante Busser ofgefackelt, aner „Aktivisten“ hu Geschäfter ausgeraibert. D‘Police ass ageschratt a bei der Konfrontatioun huet et dann och Blesséierter ginn. Onbestätegt sinn déi gemellten Doudesaffer. Wéinst dem Ëmfang vum Protest, huet d‘Regierung dunn d‘Arméi zur Verstäerkung vun der Police an d‘Stroosse geschéckt. Um Sonndeg gouf et dunn entscheet.

Latäinamerika

Mat enger gréisser Usproch un d‘Bierger, huet de kolumbianesche President Ivan Duque, wësse gelooss, datt hien de Kongress gebieden huet, dat vum Finanzministère abruechte Steiergesetz zu den Akten ze leeën. D‘Beamte sollen elo méiglechst zäitno en neie Projet virleeën. Et wier och am Interessi vun der Bierger, finanziell Onsécherheete méiglechst ze vermeiden, esou de President.

Latäinamerika

Bei dëser Initiative, déi jo elo zeréckgeholl ass, war de Gedanken deen, déi steierlech Fräibeträg (Abattement) ze senken, d‘Akommessteier fir gewësse Gruppen ze erhéijen, déi nach vun der TVA befreite Wueren an/oder Déngschtleeschtungen elo och ze taxéieren. Sënn an Zweck vun dësem Schratt: d‘Regierung wollt iwwert dee Wee de risegen Defizit am Staatshaushalt ausgläichen.

Brauch et eng onofhängeg Justiz?

Am El Salvador, wou grad eng nei Regierung d‘Geschécker vum Land iwwerholl huet, gëtt et och zolidd Spannungen. Dat nei gewielte Parlament huet direkt an der éischter Sëtzung beschloss, datt de Verfassungsriichter an de Generalstaatsanwalt ze entloosse sinn. Dat ass och fir Latäinamerika keng alldeeglech Mesure. Ee Verfassungsorgan ofzeschéissen, kann een als Staatsstreech gesinn.

Et hätt awer ee Grond fir des parlamentaresch a folglech demokratesch Decisioun: de Riichter an de Procureur hätte bei der Ausféierung vun hire Mandater privat Interesse vertrueden. D‘Oppositioun huet do eng aner Liesweis. Si werft dem President Nayib Bukele vir, no der Chamber sech elo och d‘Justiz averleiwen ze wëllen. Do ass wuel eng drun, an et dierft op de Stroossen ustrengend ginn.

mat indymedia/ccs

Foto: Eng Impressioun vum 1. Mee zu Tunja a Kolumbien. Et kann ee behaapten datt sech bal all d‘Wirtschaftsecteure géint d‘Steierreform vereent hunn. Et waart leider net iwwerall esou friddlech wéi hei. © Pablo Salas Hernandez

Related topics Demokratie, El Salvador, Justiz, Kolumbien, Latäinamerika, Onrouen, Protest
Next post Previous post