Search

You may also like

EuroBirdwatch Day – Déi fléiend Faszinatioun um 5. a 6. Oktober
International Neiegkeeten

EuroBirdwatch Day – Déi fléiend Faszinatioun um 5. a 6. Oktober

Den EuroBirdwatch Day (Internationalen Dag vum Vullenzuch) gëtt zënter 26

surprise
Si sinn einfach eraspadséiert
International Neiegkeeten

Si sinn einfach eraspadséiert

D‘Taliban iwwerhuelen no knapp engem Mount de Presidentepalais zu Kabul

ART3F Luxembourg – ee Muss fir Konschtfans!
International Neiegkeeten

ART3F Luxembourg – ee Muss fir Konschtfans!

De Kierchbierg ass nees kreativ, faarweg an extravagant ënnerwee! Nach

China wéinst WSJ-Wuhan-Bericht op 100!

China wéinst WSJ-Wuhan-Bericht op 100!

De Wall Street Journal huet e bericht publizéiert, aus deem ervirgeet, datt sech Mataarbechter vum P4-Lab (Wuhan Institute of Virology), virum „Ausbroch“ mam Covid19-Virus infizéiert hätten. Dës u sech renomméiert Zeitung, berifft sech fir dës Ausso, op Berichter vum US-Geheimdéngscht. Ob dës elo am Kontext vum diplomateschen Dissens tëscht Peking a Washington kredibel sinn?

Am Artikel vum WSJ jiddefalls, weisen d‘Auteuren drop hin, datt dräi Mataarbechter vum „Virus-Fuerschungsinstitut“ Woche virun der offizieller Meldung an engem Spidol vu Wuhan, wéinst enger Longeninfektioun – déi laut de Recherche vum Wall Street Journal schonn duerch de SARS-CoV2 ausgeléist goufen – behandelt ginn. Wéi si drop kommen datt et erkennbar Covid19-Symptomer solle gewiescht sinn, wou d‘Krankheet jo nach net als Solches konnt erkannt ginn? Dat ass egal?

Wuhan

Jiddefalls schéngt et hei d‘Absicht vum WSJ ze sinn, d‘Méiglecht an de Raum ze stellen, datt ee schonn am November 2019 d‘Krankheet erkannt hätt, ouni sech de méigleche Folge bewosst ze sinn. Zur Erënnerung: d‘Amerikaner géife ganz gären, virzuchsweis de Chinesen, d‘Rechnung fir déi verursaachten Onkäschten an déi begleedent Wirtschaftskris op den Dësch leeën. Interessant…

A China, wou een natierlech d‘Hannergrënn wéi och d‘Zil vun dëser Berichterstattung versteet, well ee selwer och gutt a gären zweckorientéiert mat de Medien zesummeschafft, huet d‘Publikatioun jo dann och eppes Reaktiounen ausgeléist. Esou gëtt den Direkter vum Laboratoire Yuan Zhiming elo virgeschéckt, fir dat Ganzt an der Global Times eng Ligen ze nennen. Wien huet dann elo Recht? Eigentlech ass et egal, well längst geet et hei net méi de Virus, mee kloer ëm politesch Interessen.

Net novollzéibar an awer beabsichtegt?

Fir dann den Nol nach eppes weider anzeklappen, erläutert de chinesesche Regierungsspriecher Zhao Lijan, datt virum 30. Dezember 2019, keen Infektiounsfall am Wuhan Institute of Virology festgestallt ginn ass. D‘US-Regierung géif hei ganz bewosst d‘Theorie vun engem an Laboratoire geziichte Virus opsetzen. D‘Amerikaner wéilten esou ënnerschwelleg behaapten et wier Absicht.

Richteg, Falsch… wann sech esouvill Acteure beméien Zweiwel ze streeën, a gewosst ass, datt nach ëmmer net mat Sécherheet determinéiert ass, wou dann elo den Ursprong vun dësem Virus geleeën ass, ëmmerhi geet d‘Wëssenschaft nach ëmmer vun denger Flantermaus als „Mëttelsmann“ aus. Dat soll dann elo net driwwer ewechtäuschen, datt China laang mat der „Meldung“ Zäit gelooss hat.

Esou huet zimmlech laang gedauert, bis d‘Experte vun der WHO vun de Chinesen Zougang zu den Daten erhalen hunn, an dat – esou d‘WHO – och nëmme begrenzt. Dësen Dissens dierft dann och Géigestand vun den Diskussioune beim Weltgesondheetssommet zu Genève sinn. E Sommet dee geduecht ass d‘Weltgesondheetsorganisatioun besser opzestellen. Op dat esou méiglech ass?

mat indymedia/nyc/mac

Illustratioun: © Todd Cravens / unsplash

Related topics China, Covid19, SARS-CoV2, US-Geheimdéngscht, Wall Street Journal, WHO, Wuhan
Next post Previous post