Speedmarathon 2019: 1200 Automobilisten ze schnell!
Et war schonn déi 5. Editioun vum Speedmarathon, bei deem
Et war schonn déi 5. Editioun vum Speedmarathon, bei deem
Am Kader vun der internationaler Consultatioun „Luxembourg in Transition“ huet
Dës 13 Buschtawe brénge säit genau 150 Joer dat ganzt Land an Extas! D’Folies Bergère gehéiere mëttlerweil zu de prestigiéisten erotesche Varieté-Theateren a Cabarete weltwäit. No der Aweiung zu Paräis konnt de musikaleschen Ënnerhalungsetablissement mat Gesang, Danz an Humor d’Fantasie ureegen!
Nieft dem Eiffeltuerm, fantastesche Croissanten an mëttlerweil de Gilets Jaunes denkt een natierlech och direkt un de Varieté-Theater mat de populäre Folies Bergère, wann een da vu Frankräich héiert. D’Gebai, wat Ufanks engem Mënch gehéiert huet an uschléissend ee Geméisbuttek war, den net besonnesch gutt gelaf ass, duerft schlussendlech d’Funktioun vun engem neie Sall fir Spektakelen unhuelen. An der Rue Richer zu Paräis war et um Architekt Plumeret, fir d’Aarbechten unzedreiwen ier et um 2. Mee 1869 esou richteg konnt lass goen!
Viru genau 150 Joer ass nämlech am 9. Arrondissement den Etablissement ënnert dem Numm „Folies Trévise“ op gaangen, ier et schliisslech um 13. September 1872 zu „Folies Bergère“ ëmbenannt ginn ass. De Grond dozou huet den Duc de Trévise ginn, dee säi Familljennumm net am Zesummenhang mat engem Varieté gesi wollt, wouduerch ee sech fir den Numm vun der Nopeschstrooss Rue Bergère entscheet huet.
Ee Bekenntnis zur Erotik
Et sollt net laang daueren, bis de Besëtzer vum neie franséische Gebai fir Concerten, Cabaret a Varieté déi spéider typesch Form vum Grand Spectacle entwéckele sollt, bei dem et ënnert anerem ëm Erotik goe sollt. D’Kombinatioun aus spektakulären Optrëtter mat ënnert anerem Léiwebändeger, extrem staarke Mënschen a Groteskenpantomimen sollt fir den immensen Entréespräis vun 10.000 Frang nämlech net éiweg dat grousst Publikum unzéien. Esou huet een ugefaangen déi bescht Prostituéiert aus der Stad bei de Folies Bergère schaffen ze loossen, déi vum männleche Publikum duerch eng diskret Kappbeweegung zum Déngscht opgefuerdert konnte ginn. Offensiv Offere waren deemools net erlaabt.
De geniale System huet sech duerchgesat an esou ass de sougenannte Promenoir vun de Folies Bergère zum beschte Maart vun der Léift a ganz Paräis bekannt ginn. Virun allem am Ufank vum 20. Joerhonnert sollten déi grouss Haiser, wéi de Moulin Rouge, de Casino de Paris oder eben d’Folies Bergères een immensen Opschwong erliewen. Mat opwennege Revuen hu si zu de ganz Groussen am Beräich vum franséische Varieté gehéiert.
© Folies Bergère
D’Konscht vum Danz an d’Konscht fir sech
Zemools am Joer 1926 huet d’Joséphine Baker als „schwaarz Pärel“ fir grouss Ae gesuergt. Bei sengem Banannendanz huet dës Damm just an engem immens kuerze Banannerack virum Publikum gedanzt an ass esou zum Symbol vun de Gëllenen Zwanzeger ginn. A sollt een den Theater an der Rue Richer bis dohinner nach net kannt hunn, esou sollt een et wéinstens vun dem Impressionist Manet senge Konschtwierker aus dem Joer 1882 kennen!
D’Josephine Baker am Banannerack
Kuerz viru sengem Dout huet de bekannte Kënschtler Edouard Manet mat „Bar an de Foliues Bergère“ nämlech d’Stëmmung vum Paräisser Club iwwert d’Bardamm Suzon opgegraff. Mat melancholeschem Bléck steet si direkt virum Betruechter, woubäi een am Hannergrond dat wëllt Dreiwen, Gedanz an den Amusement vum Publikum beobachte kann. Iwwert d’Zeen ginn et och aktuell nach vill Spekulatiounen.
Edouard Manet, Un bar aux Folies Bergère (1882)
Och haut nach zitt de Folies Bergère als touristesch Attraktioun vill Fans a Visiteuren un, woubäi een all Mount mat op mannst engem Evenement rechne kann. Op d’Atmosphär vu fréier nach genau esou duerchkënnt, wéi a senger Ufankszäit ass dobäi allerdéngs eng aner Fro.