Search

You may also like

Nogefrot: Wéi gesäit et an eise Prisongen a mat de Strummerten aus?
International Neiegkeeten Stories

Nogefrot: Wéi gesäit et an eise Prisongen a mat de Strummerten aus?

Datt d‘Berichterstattung – besonnesch fir kleng Redaktiounen – sech an

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!
International Neiegkeeten Stories

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!

Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss
International Neiegkeeten Stories

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss

[onionbuzz quiz-id=84][/onionbuzz] D’Geschenker waarden ënnert dem Bam op dech. Wat

What the Fakt – 20 Joer Columbine-Massaker zu Colorado!

What the Fakt – 20 Joer Columbine-Massaker zu Colorado!

Am Bluttrausch hu si 13 Schüler an ee Prof erschoss, ier si d’Waff géint sech selwer geriicht hunn. Um 20. Abrëll 1999 hunn den Eric Harris an den Dylan Klebold d’Columbine High School zu Colorado gestiermt an ee vun de schlëmmsten Amokleef an enger Schoul an der US-amerikanescher Geschicht ugeriicht.

Och 20 Joer no der grujeleger Dot ginn engem nach ëmmer d’Schudderen aus iwwert dat mäerderescht Verhale vun zwee Jugendlechen. D’Motiv vun den Täter ass bis haut nach net ganz kloer. Am Tagebuch vun engem vun den Amokleefer fannen d’Ermëttler een Ziedel mat der Opschrëft „Ech sinn eng Waff. Eng hallef automatesch 45er-Wildey. Ech si Gott. Ech brénge Mënschen ëm. Ech war ni fir d’Juegd gemaach, just dofir, Mënschen ëmzebréngen. Wann ee stierwe soll, bréngen ech en ëm.“

Um 20. Abrëll 1999 stiermen de 17 Joer jonken Dylan Klebold an den ee Joer méi alen Eric Harris, equipéiert wéi Zaldoten am Krich, hir Schoul a schéisse wärend enger knapper Stonn ronderëm sech a riichten esou Jugendlecher am Alter tëscht 14 an 18 Joer ouni Matleed hin. Weider 24 Persoune ginn uerg blesséiert, vill Iwwerliewend leiden och nach haut ënnert dem Amoklaf.

Columbine High School

Biller vun der Iwwerwaachungskamera mat lénks dem Harris a riets dem Klebold

Dobäi haten de Klebold an Harris hire Massemord scho wärend Méint virbereet, allerdéngs net als Amoklaf, mee als Bommenuschlag, woubäi e puer honnert Mënschen ëm d’Liewe komme sollten. Duerch een technesche Feeler ass d’Bomm an der Cafeteria allerdéngs net explodéiert, sou datt si hir aner Waffen notze missten. Op et elo ee Racheakt duerch Mobbing war, de Wonsch berühmt ze ginn, oder och eng ideologesch Iddi, eent ass sécher: béid Täter hunn ënner psychesche Stéierunge gelidden.

Den Oflaf

Ugefaangen huet alles um spéide Virmëtteg an der Schoulkantin, wou déi zwee Jugendlech d’Bommen deponéiert hunn an nees zeréck bei hiren Auto gaange sinn, fir sech ze bewaffnen. Hei hu si op d’Explosioun gewaart, déi net komme sollt. Spontan ass de Plang geännert ginn an déi Zwee hunn um 11:19 Auer an der westlecher Entrée vun der Schoul mam Schéissen ugefaangen. Hei sinn 3 Persounen ëm d’Liewe komm an 9 Weiderer blesséiert ginn.

Columbine High School

D’Bibliopthéik haut, als Undenken un déi schrecklech Dot.

Tëscht 11:29 Auer an 11:35 Auer hunn den Klebold an den Harris hiert Attentat an d’Bibliothéik verluecht fir mat hirem grujelege Plang virun ze fueren. Ganzer 10 Schüler sinn ëmbruecht ginn, weider 24 goufe verwonnt. Uschléissend sinn déi Zwee ouni Zil duerch d’Gäng a Klassesäll gelaf, woubäi allerdéngs keng Persoun méi blesséiert ginn ass. D’Ermëttler konnte feststellen, datt den Harris sech als éischt an de Kapp geschoss huet, duerno säi Kolleg. Um 12:08 Auer ware si dout.

Related topics Amoklaf, Colorado, Columbine High School, Dylan Klebold, Eric Harris, Mobbing, What the Fakt
Next post Previous post