Search

You may also like

De schwaache Versuch zum Glyphosat e Kompromëss ze fannen
Neiegkeeten

De schwaache Versuch zum Glyphosat e Kompromëss ze fannen

Et ass vun der EU-Kommissioun alles dru gesat ginn, d’Notzung

Kim Jong-un vs Donald Trump: Ee méi wéi nëmme symboleschen Handschlag
Neiegkeeten

Kim Jong-un vs Donald Trump: Ee méi wéi nëmme symboleschen Handschlag

Si hunn sech, wat nach virun e puer Méint kee

Eng wichteg Fro: Muss d‘Permanence als Aarbechtszäit betruecht ginn?
Neiegkeeten

Eng wichteg Fro: Muss d‘Permanence als Aarbechtszäit betruecht ginn?

Dës Fro war de Géigestand vun enger Podiumsdiskussioun vun der

What the Fakt – Viru 36 Joer kënnt den Album Thriller eraus

What the Fakt – Viru 36 Joer kënnt den Album Thriller eraus

Hie war ee vun der erfollegräichste Museker an Entertainer weltwäit, ënnert anerem och duerch den Solo-Album „Thriller“ de bis haut zu de meescht verkaaften Alben an der Museksgeschicht zielt. Esou huet de King of Pop sech säin eegent musikalescht Imperium geschaf.

Um 30. November 1982 konnten d’Fans vum Erfanner vum Moonwalk sech endlech op d’Verëffentlechung vum Michael Jackson sengem éischte Solo-Album freeën. Den Disk vereent musikalesch Meeschterwierker wéi Billy Jean, Beat It an natierlech Thriller selwer, Lidder déi och haut nach zu senge gréissten Hits gehéieren. Mat iwwer 109 Milliounen Tounträger ass et de meescht verkaaften Album, den jeemools um Marché war.

Ee Liewen ënnert Drock

Um 29. August 1958 gëtt den Michael Joseph Jackson am US-Bundesstaat Indiana gebuer. Déi riseg Famill lieft an Aarmut an esou setzt den Joseph Jackson, Papp vun zéng Kanner, alles dorun, datt d’Famill musikalesch zu de Beschte weltwäit gehéiere soll. 1965 fänkt vir de fënnef Joer jonke Michael den haarde Show Business als Member vun den Jackson Five un.

Mam Michael Jackson als Frontsänger gewënnt de musikaleschen Trupp eng Rei Concoursen a gëtt esou ëmmer méi bekannt. Si feiere weltwäit enorme Succès, bis d’Grupp sech schliisslech 1972 opléist. De jonke Museker wëll awer firu fueren a bréngt fir d’éischt dräi Alben, déi bei de Fans schonn zimlech gutt ukommen.

Mat Thriller erzielt de Michael Jackson awer eng richteg Well un Euphorie a Begeeschterung. Den Entertainer huet heivir immens vill ronderëm experimentéiert a faszinéiert esou mat neie Gesangseinlagen an dem Stil vun der Disco-Musek.

Mat verantwortlech fir den enormen Erfolleg vum Album ass de Video zu Thriller. En zielt nach ëmmer zu den deierste Produktiounen an der Musekindustrie. Sou ass den Album ënnerhalb vu wéinegen Deeg op Platz 1 vun de meeschtverkaafte Placke weltwäit geschoss.

Um 25. Juni 2009 stierft de Michael Jackson zu Los Angeles un enger Vergëftung duerch Propofol. Mat senger Musek lieft hien awer wuel éiweg weider!

Quellen:

Related topics Beat It, Billy Jean, Legend, Michael Jackson, Musék, Thriller, What the Fakt
Next post Previous post