Search

You may also like

Washington wëll en neit Atomwaffenarsenal
Neiegkeeten

Washington wëll en neit Atomwaffenarsenal

Well den Donald Trump d‘Atomwaffenarsenal vun den USA konsequent erneiere

Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019
Neiegkeeten

Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019

Wien ee gudde Cocktail, ee Glas Wäin oder een fantastescht

Terror iwwert Europa: E Réckbléck
Neiegkeeten

Terror iwwert Europa: E Réckbléck

Zanter 2015 muss sech Europa mat enger gréisser Zuel un

What the Fakt – 51. Doudesdag vum Che Guevara

What the Fakt – 51. Doudesdag vum Che Guevara

An den 1960er Joer gouf den Ernesto „Che“ Guevara als Guerillaféierer, Dokter, Auteur a virun allem als latäinamerikanesche Revolutionär weltwäit bekannt. Zesumme mam Fidel Castro huet en fir d’Onofhängegkeet vu Kuba an d’Selbstbestëmmung vum Vollek gekämpft.

Den 1928 an Argentinie gebuerene Guevara huet 1953 erfollegräich säi Medezinstudium zu Buenos Aires ofgeschloss a seng Promotioun als Dr. Med. kritt. Doropshin huet hien a Bolivien an enger Lepra-Statioun geschafft.

Ee Joer drop huet sech de Revolutionär dem Widderstand géint Regierung vu Guatemala ugeschloss, den awer ouni Erfolleg verlaf ass. Kuerz drop léiert hien de kubaneschen Affekot an Exilrevolutionär Fidel Castro kennen a schléisst sech sengen Unhänger un. Zu der Zäit kritt hien och den Numm „Che“, wat an Argentinien als Uried benotzt gëtt a sou vill wéi „Hey“ heescht.

No jorelaange bluddegen Ausernanersetzunge gewënnt d’Grupp vum Castro de Kampf a kennt un d’Muecht. De Guevara avancéiert zum nationale Wirtschaftsberoder a setzt sech fir de kubanesche Sozialismus an. An der Zäit kämpft hien och fir déi wirtschaftlesch Onofhängegkeet vun den USA.

Weltwäit berühmt gouf de Revolutionär duerch de Guerillakampf a Bolivien. Domadder wollt hie géint d’bolivianescht Militärregimm virgoen an d’Baueren an d’Biergaarbechter ënnerstëtzen. A genau des Leit hunn hie verrode, wouduerch en schonn den Dag drop festgeholl gouf.

Um 9. Oktober 1967 ass hien zu La Higuera mat 9 Kugelen erschoss ginn. Uschléissend goufen him d’Hänn ofgetrennt. Seng Läich war laang Zäit verschwonnen. Réischt 1997 ass se fonnt an op Kuba bruecht ginn, wou säi Kierper an enger Gedenkstätt bäigesat gouf.

Eent vun de bekanntste Biller vun der Weltgeschicht ass den 5. Mäerz 1960 zu Havanna entstane. De kubanesche Fotograf Alberto Korda mëscht déi legendär Foto mat enger Leica M2 an engem 90 mm Objektiv. Ee Bild vun enger Ikon, wat haut nach op T-Shirten, Kaarten a Biller ëm d’Welt geet, ass gebuer.

Quellen:

Foto: © Alberto Korda

Related topics Che Guevara, Fidel Castro, Guerillakampf, Kuba, Revolutioun, What the Fakt
Next post Previous post