Search

You may also like

Déi (politiséiert) polnesch Justiz
International Kultur Neiegkeeten Stories

Déi (politiséiert) polnesch Justiz

Mat der polnescher Justizreform – déi vu Bréissel an dem

Akkreditéierung vu fënnef Ambassadeuren am Palais
International Kultur Neiegkeeten Stories

Akkreditéierung vu fënnef Ambassadeuren am Palais

Gëschter huet S.A.R. de Groussherzog noenee fënnef Ambassadeuren hir Akkreditéierung

EU verwerft de Staatsbudget vun Italien, Roum hält dru fest.
International Kultur Neiegkeeten Stories

EU verwerft de Staatsbudget vun Italien, Roum hält dru fest.

Nodeems den italienesche Staatsbudget vu Bréissel verworf ginn ass, huet

What the Fakt – D’Adelshochzäit vum William a Kate virun 8 Joer!

What the Fakt – D’Adelshochzäit vum William a Kate virun 8 Joer!

Et war d’Hochzäit vum Joerzéngt! Um 29. Abrëll 2011 hunn de Prënz William an d’Kate Middleton sech d’Jo-Wuert ginn an hunn domat weltwäit d’Fans vun der Royal Family un hirem glécklechen Dag deelhuele gelooss.

Et ass de Moment, wou de Prënz dat biergerlecht Meedchen aus dem Vollek bestit. No iwwert 8 laange Joer, wou d’Catherine un der Säit vum William stoung, konnt elo eng nei Liewensetapp ugoen. Mat sonnegem Wierder fëllen sech lues a lues d’Stroosse vu London mat virwëtzege Gesichter, déi dëse besonnesche Moment mat mëttlerweil bekannt a beléifter Herzogin vu Cambridge deele wëllen. Verschidde Persoune ware souguer esou bänzeg, datt si op der Plaz campéiert hunn, fir déi bescht Siicht ze hunn.

Zesumme mat sengem Brudder als Trauzeuge geschitt um 11:17 Auer den éischten Highlight vum Dag. De Prënz William a Prënz Harry komme virun der Kierch un. Ganz der Virschrëft no ginn alle béid kuerz virun der Entrée hir Uniformskap an d’Händschen of. Uschléissend koume wuel déi längst 45 Minutten op den opgereegten zukünftege Bräitchemann an d’Gäscht duer, wou si op d’Braut hu waarde missen.

Adelshochzäit vum William a Kate

D’Westminster Abbey © Gordon Joly

Mat dobäi waren natierlech d’Famill Middleton, de Prënz Charles mat sengem Camilla an net ze vergiessen d’Kinnigin Elizabeth II., déi un dësem Dag ee sonneg gielen Toun zur Freed vum Evenement ausgewielt huet. A schliisslech koum de Moment, wou d’Kate an engem Dram aus cremefaarweger Spëtzt a Seid aus dem Rolls Royce erausklëmmt an am Arem vu sengem Papp Richtung Mëttelschëff vun der Kierch geet.

De wichtege Moment

Duerch d’Zeremonie féieren déi dräi wichtegst Vertrieder vun der englescher Kierch. Den Äerzbeschof vu Canterbury huet sech dobäi ëm déi eigentlech kierchlesch Hochzäit gekëmmert. De Gottesdéngscht louch an der Hand vum Dekan vu Westminster an de Londoner Bëschof dierf d’Gebiet, wat de William an d’Kate selwer geschriwwen hunn, virdroen.

Als biergerlech Fra ass d’Catherine eragaangen, als Herzogin vu Cambridge verléisst hatt d’Kierch, an dat kuerz no 13:00 Auer. An enttäuscht sollten d’Spectateuren net ginn! Mat Grazie an Zouneigung trëtt déi frësch bestuete Koppel aus der Westminster Abbey eraus a gëtt vu fanateschem Applaus empfaangen. Uschléissend geet et an der oppener Kutsch duerch d’Stad bis bei de Buckingham Palace. Elo feelt just nach eppes!

Ganz London ass wuel am Rausch vun der Léift. Pünktlech um 14:25 Auer erschéngt de William mat senger glécklecher Fra um Balcon a si kussen sech, wann och e bësse schei. Dëst ass wuel de Moment, de kee vun eis all vergiesse wäert, an esou hofft een natierlech, datt et ëm hiert Gléck besser steet, wéi beim Diana, der Prinzessin vu Wales.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Michael Middleton, Carole Middleton, d’Herzogin vu Cornwall, de Prënz Charles, Eliza Lopes, Lady Louise Windsor, Grace van Cutsem, d’Catherine, Herzogin vu Cambridge, Prënz William, Margarita Armstrong-Jones, Tom Pettifer, William Lowther-Pinkteron, d’Queen Elizabeth II, Prënz Philip, Pippa Middleton, Prënz Harry © Magnus D

Related topics Adelshochzäit, Buckingham Palace, London, Queen Elizabeth II, Westminster Abbey, What the Fakt, William a Kate
Next post Previous post