Search

You may also like

money
Den US-President a säi Wirtschaftswonner
Neiegkeeten

Den US-President a säi Wirtschaftswonner

Dat eenzegt wat den Donald Trump interesséiert ass den Donald

D‘Police kéint är Hëllef gebrauchen
Neiegkeeten

D‘Police kéint är Hëllef gebrauchen

Um Ouschtersonndeg ass et zu Veianen géint 11 Auer zu

D’Deckkäpp am Préizerdaul – mat Witz, Humor a Muskelkater an de Laachmuskelen duerch den Owend
Neiegkeeten

D’Deckkäpp am Préizerdaul – mat Witz, Humor a Muskelkater an de Laachmuskelen duerch den Owend

Et huet een d’Leit bis eraus laachen héieren. A wien

What the Fakt – Haut ass Dag vum Adventskalenner!

What the Fakt – Haut ass Dag vum Adventskalenner!

Wien hätt et gewonnert, datt um éischten Dezemberdag déi éischt Dierchen vum Kalenner opgemaach gëtt. A bis Helleg Owend wäerte mir all Dag gespaant nees op een neits kucken, wat dann elo am Kalenner ass. Mee wisou hu mir dann eigentlech een Adventskalenner?

D’Geschicht vum Adventskalenner geet schonn bis an 19. Joerhonnert zeréck. Deemools hu reliéis evangelesch Famillen ab dem éischten Dezember all Dag ee Bild un d’Mauer gehaangen. Zu enger Zäit wou nach net jiddwereen liesen a schreiwe konnt duerften d’Kanner awer och all Dag ee Stresch aus Kräid un der Dier oder Mauer ewech maachen, déi d’Elteren opgemoolt hunn, fir de Kanner ze verdäitlechen, wéi laang et nach bis zum Fest ass.

Déi fréi Form vum Adventskalenner, wéi mir en haut kennen, mat senge Säckelcher oder Këschten wou eppes Séisses dran ass, ass anscheinend an der Mëtt vum 19. Joerhonnert entstanen. Eng Mamm hat hei hirem klenge Jong Këschte gebastelt, an déi si Kichelcher geluecht huet, sou datt de Klengen sech all Dag nees un eppes Séissem erfreeë kéint an d’Zäit bis Helleg Owend net esou laang sollt sinn.

Hautdesdaags ginn et da vill verschidde Varianten vum Adventskalenner. Bei der klassescher Versioun ass all Dag ee klengt Stéckchen Schockela hannert enger Dier verstoppt. Mëttlerweil sinn der Fantasie awer keng Grenze méi gesat, a sou fënnt ee vun der Variant mat Gewürzer, iwwert Make-Up, Rum, Lego oder Müsli bis hin zum Béier alles wat d’Häerz verlaangt.

Bei eis kënnt dir elo all Dag op d’Presentatioun vun engem alkoholeschen Hopfegedrénks gespaant sinn! Beim Lëtzebuerger Advents-Béierkalenner vu LaPunta hutt Dir d’Méiglechkeet all Dag ee fantasteschen artisanale Béier, den och nach am Grand-Duché produzéiert gëtt, ze schmaachen. Besser kann een d’Zäit bis Helleg Owend jo bal net verbréngen! A wat sech hannert der éischter Dier verstoppt kennt Dir HEI noliesen.

Quellen:

Related topics Adventskalenner, Béierkalenner, Chrëschtdag, Friterie beim Francis, Geschicht, Helleg Owend, LaPunta, Séissegkeeten, What the Fakt
Next post Previous post