Search

You may also like

En Häerz fir d’Literatur
International Kultur Neiegkeeten Stories

En Häerz fir d’Literatur

Bicherwierm hunn en uerdentlech gefouerte Bicherbuttek schnell erkannt: E bitt

Weltwaasserdag: Fir d’Iwwerliewe vu Mënsch an Natur
International Kultur Neiegkeeten Stories

Weltwaasserdag: Fir d’Iwwerliewe vu Mënsch an Natur

Zënter 1993 fënnt de Weltwaasserdag statt, a gëtt säit 2003

Zu Helleng ginn se Vollgas
International Kultur Neiegkeeten Stories

Zu Helleng ginn se Vollgas

Et gëtt sécherlech vill verréckten Iddien. Mee eng Manche aus

What the Fakt – Beim Jan Saudek ass den Numm Programm!

What the Fakt – Beim Jan Saudek ass den Numm Programm!

Och fir eis war dëse Fotograf, den haut säi 84. Gebuertsdag feiert, bis ewell onbekannt. A senger Heemescht Tschechien ass de Fotograf Jan Saudek allerdéngs enorm bekannt. Mat eroteschen a verdreemten Opname gëtt de Betruechter an eng Welt aus dem 19. Joerhonnert an der noer Vergaangenheet gezunn. Opgepasst – elo gëtt et sënnlech!

Um 13. Mee 1935 huet de klenge Jan zu Prag d’Liicht vun der Welt erbléckt. Deemools hätt wuel keen domat gerechent, datt dëse Kärel emol esou Iddien hätt. No sengen Etüden an der Grafik ass hie lues a lues an d’Fotografie gerutscht. An de spéide 60er Joer ass et wärend enger Rees an d’USA souguer zu enger eegener Ausstellung vu senge Wierker komm. Bis Ufank vun de 70er Joer hat de Kënschtler awer kee speziellt Thema.

Saudek

My Mother (1979)

Saudek

New View From My Window (1985)

Konscht a Kreativitéit brauche Schlësselmomenter. Beim Saudek sollt et seng Scheedung am Joer 1972 sinn, no der hien seng berühmt „Mauer“ oft als Hannergrond fir seng berühmt Biller genotzt huet. Déi faarflech arrangéiert brécheg Mauer mat Botz, deen ofbliedert entsteet säin typesche morbiden Androck, déi senge Wierker de Erëmerkennungswäert gëtt.

Virun der Mauer steet natierlech och eppes. A sengem Fall poséiere Modeller, oft liicht bekleet, deelweis och ganz plakeg, a spezielle Posen. Interessant ass hei, datt hie just monochrom schafft a verschidde Biller uschléissend mat Aquarellfaarwen per Hand koloréiert, wouduerch all Wierk zu engem Unikat gëtt. An dobäi huet hie sech dat narratiivt Potential vun senger éischter Kamera KODAK Baby Brownie zu Notze gemaach.

Saudek

Which Star Is Mine (1975)

Saudek

Portrait Of My Friend (1992)

Do kënnt een an d’Schweessen!

Op den éischte Bléck kéint ee wierklech mengen, datt et sech ëm Fotoen aus dem 19. Joerhonnert handelt. Inhaltlech schockéiert d’Opmaachung allerdéngs mat senger Direktheet a Fräizügegkeet. D’Modeller entspriechen och net dem Schéinheetsideal, mee sträifen, duerch hir Rondungen an de massive Kierperbau, eng Däll hei an do an e puer Falen, och emol laanscht d’Ästhetik. De Fotograf weist einfach emol den „normale“ Mënsch, dee sech net do virdru schummt, sech der Ëffentlechkeet mat alle kierperleche Makelen ze presentéieren.

Saudek

Total Marriage (1987)

Saudek

The Belly of the Night, (1988)

Hei treffe verschidde Meenungen a Gefiller openeen. Wou déi eng duerch d’Weise vu Brëscht, Geschlechtsdeeler an erotesche Posen seng Wierker als Pornographie ofstempelen, do gesinn déi aner eng provozéierend Kontra-Ästhetik, déi trotz provokativem Optriede realistesch an natierlech eriwwerkënnt.

Oft schafft de Saudek a Serien, woubäi beispillsweis kuerz Geschichten duerch ee Striptease erzielt ginn. Beléift ass och d’Entwécklung vum Mënsch, déi hien iwwert Joerzéngten dokumentéiert. An tëscht esou vill plakeger Haut kënnt grad bei den eelere Modeller nieft der Sexualitéit an der Sënnlechkeet och den Alter an den Dout als zentraalt Thema ervir.

Als Ofschloss muss een nees soen, datt Konscht a Schéinheet ëmmer am Aen vum Betruechter leien. Och an dësem Fall sollt jiddweree sech selwer säin Uerteel maachen! Fir den Artikel hu mir nach déi harmlos Wierker ausgewielt, wien elo allerdéngs méi wëll gesinn sollt sech dem Jan Saudek seng Säit ukucken!

Related topics Erotik, Fotografie, Jan Saudek, Tschechien, What the Fakt
Next post Previous post