Search

You may also like

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll
Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?
Neiegkeeten

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?

De Mustafa Kemal Atatürk huet 1923 mat der Ofschafung vum

Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer
Neiegkeeten

Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer

Vergaangenen Dënschdeg huet d’Inneministesch Taina Bofferding d’Representante vum Service vun

What the Fakt – Dat éischt Bild vun engem Koméit

What the Fakt – Dat éischt Bild vun engem Koméit

No laange Beobachtunge vum Koméit Donati ass dem Moler a Fotograf William Usherwood dat éischt Bild iwwerhaapt vun dem Himmelskierper gelonge.

De Koméit, den och nach C/1858 L1 genannt gëtt, ass nom italieneschen Astronom Giovanni Battista Donati, Entdecker vum Koméit, benannt. No der Siichtung vum gréisste Koméit am Joer 1811, war den Himmelskierper Donati den hellste Schweefstäer am 19. Joerhonnert.

Den 28. September 1858 geléngt et dem Ushwerwood de Koméit zu Walton Heath (England) virun d’Lëns ze kréien. Domadder mëscht hien déi éischt Foto iwwerhaapt vun esou engem Himmelskierper.

Wëll d’Fotografie déi Zäit eréischt a sengen Ufäng war (déi éischt Foto gouf 1826/1827 vum Niépce gemaach), kann een mol vermutten, datt den Usherwood dës Foto per Daguerrotytpie (fotografescht Verfahren, wat no sengem Erfanner Louis Jacques Daguerre benannt ass) gemaach huet. Dës Kamera war nach een zimlech decken Apparat, den och eng laang Beliichtungszäit gebraucht huet.

Do freet een sech schonn, wéi hien déi berühmte Foto gemaach huet a wéi se ausgesäit. Leider gëllt d’Bild als verschwonne.

Quellen:

Related topics Donati, Fotografie, Koméit, William Usherwood
Next post Previous post