Search

You may also like

Covid-19: Ënnerstëtzung fir Entreprisen, déi sech emorientéieren
Neiegkeeten

Covid-19: Ënnerstëtzung fir Entreprisen, déi sech emorientéieren

Am Kontext vun der Covid-19-Pandemie besteet eng immens grouss Nofro

Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!
Neiegkeeten

Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!

Um 17:30 Auer huet den Tourismusminister Lex Delles, zesumme mam

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd
Neiegkeeten

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd

Um 26. November 1832 gëtt am Big Apple déi alleréischt

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!

An England gëtt all Joer um 5. November mat Freedefeier a grousse Lagerfeier een immenst Event, zu Gedanken un ee mësslongenen Uschlag op d’Londoner Parlament gefeiert. D’Attentat vum Guy Fawkes, den mir haut éischter duerch d’Anonymous-Mask kennen, konnt deemols a leschter Sekonn verhënnert ginn.

Duerch d’Ennerdréckung vun de Kahtolike plangt de Robert Catesby fir de 5. November 1605 d’Ermordung vum Jakob I., senger Famill, der Regierung an alle Parlamentarier. De Guy Fawkes war beoptraagt dëse Plang mat 2,5 Tonne Schéisspolfer an de Kellere vum Parlament duerch ze zéien.

Hien a seng Komplize sinn awer opgeflunn a goufen um 30. Januar 1606 fir d’Éischt erhaangen, kruten dunn d’Gedäerms erausgerappt a sinn schlussendlech gevéierdeelt ginn.

Wéinst dem Fawkes kenne mir hautdesdaags alleguerten d’Mask, déi am Film V wéi Vendetta oder och vun der Grupp Anonymous genotzt gëtt. Un dësem Dag feieren d’Englänner nach ëmmer déi sougenannte Bonfire-Night oder och de Gunpowder Plot (Schéisspolfer-Komplott).

Der Traditioun no ginn am Feier Fawkes-Poppe verbrannt. Nieft engem Ëmzuch, dem Freedefeier a musikalescher Begleedung spillt och folgend Gedicht eng wichteg Roll, woubäi et, oh Wonner, ëm dat mësslongent Attentat geet:

Remember, remember the fifth of November,
gunpowder, treason and plot,
I know of no reason why gunpowder treason
should ever be forgot.
Guy Fawkes, Guy Fawkes,
’twas his intent
to blow up the King and the Parliament.
Three score barrels of powder below,
Poor old England to overthrow:
By God’s providence he was catch’d
With a dark lantern and burning match.
Holloa boys, holloa boys, make the bells ring.
Holloa boys, holloa boys, God save the King!
Hip hip hoorah!

Wien elo nach schnell plangt op London ze fléie sollt sech mat Späizmännercher equipéieren a sech op eng lëschteg Nuecht virbereeden. Direkt nieft der Themse, beim Alexandra Palast, am Blachheath Park, am Southwark Park oder am Victoria Park fënnt een déi wuel beléiftste Lokatioune fir dëst Event ze feieren.

Quellen:

Related topics Anonymous, Bonfire Night, England, Freedefeier, Guy Fawkes, London, V wie Vendetta, What the Fakt
Next post Previous post