Search

You may also like

Vu Brigangen an anere Gesellen
International Kultur Neiegkeeten Stories

Vu Brigangen an anere Gesellen

D‘Chrëschtdeeg si fir d‘Police keng roueg Zäit, an esou dierften

Den Nationalfeierdag aus der Siicht vun der Regierung (Video)
International Kultur Neiegkeeten Stories

Den Nationalfeierdag aus der Siicht vun der Regierung (Video)

Wéinst dem Coronavirus ass och dëst Joer den offiziellen Deel

Wou de Risk méi grouss wéi den Notzen ass
International Kultur Neiegkeeten Stories

Wou de Risk méi grouss wéi den Notzen ass

Laut Greenpeace, wiere vun engem schwéieren nuklearen Accident (GAU) net

What the Fakt – Box erof! Et ass Feierdag!

What the Fakt – Box erof! Et ass Feierdag!

Dëst Uso war kee Witz, obwuel een et scho mat Humor a virun allem ganz vill Selbstbewosstsinn ophuele sollt. All éischte Freideg am Mee gëtt nämlech den Internationalen Ouni-Box-Dag gefeiert. Wat als Studente-Geck op der Universitéit ugefaangen huet, ass mëttlerweil weltwäit zum lëschtegen Aktiounsdag ginn!

Gleeft een nämlech den Quellen aus Amerika, sou huet viru Joren de studentesche Club vun der University of Texas zu Austin d’Initiative ergraff, fir zum Enn vum Semester als witzeg Aktioun d’Box erof ze loossen. Mat esou groussem Erfolleg hätt wuel kee gerechent, an esou huet de Campus den textilfräie Geste als richtegt Evenement grouss erausbruecht. Zemools an Australien, Finnland, Frankräich, Groussbritannien, Kanada a Schweden trëfft den No-Pants-Day op immens Zoustëmmung an esou sollt een hei wuel éischter selwer aktiv ginn, amplaz grouss Aen ze maachen.

No Pants Day

Um Times Square zu New York © Karen

Eng aner Versioun vun der Kreatioun vun dësem Aktiounsdag beseet, datt am Joer 1986 een Aarbechter zu New York vergiess hätt, sech ënnenrem unzedoen, wouduerch hien ouni Box mam Tram gefuer ass. Et schéngt schliisslech Uklang fonnt ze hunn an d’Leit hunn et him nogemaach.

Wie matmaache wëll muss ausnamsweis emol eng Kéier näischt maachen, ausser einfach d’Box ze vergiessen an sech esou ze behuele, wéi wann dat komplett normal wier. Ziel ass et eigentlech just, mat méi Humor a Witz duerch d’Liewen ze goen an d’Loft un de plakege Been ze genéissen. Ee provokanten Akt soll et net sinn! Egal op Boxershorts oder Slip, de Verzicht op Beenkleedung soll wärend 24 Stonnen duerchgehale ginn.

Kee Wonner also, datt et nieft dem No-Pants-Day och nach den No-Pant-Subway-Ride gëtt, woubäi ee sech wärend engem Dag op déi ëffentlech Verkéiersmëttel beschränke soll an esou ouni Box op d’Schaff oder an d’Schoul fiert.

Related topics Aktiounsdag, Boxershort, No-Pants-Day, Slip, University of Texas, What the Fakt
Next post Previous post